De Gesetzesprojet iwwer d’Sonndesaarbecht gëtt trotz Kritik vu Gewerkschaften a vum Staatsrot net zeréck gezunn, do war den CSV-Aarbechtsminister de Mëtteg an der Emissioun Background ganz kloer. Et wéilt een awer nach eng Kéier mat alle Partner diskutéieren ier den Text duerch d’Chamber geet, sot de Georges Mischo, deen iwwerdeems net der Meenung ass, datt d’Regierung de Sozialdialog géing boykottéieren, Marlène Clement.

07/06/2025 Background Georges Mischo 18h10