D’Regierung soll endlech mam «Zick Zack» ophalen an e klore Kurs am Gaza-Krich fueren. Dat hunn d’LSAP, déi Gréng an déi Lénk de Moin am Virfeld vun enger Debatt de Mëtten an der Chamber op enger gemeinsamer Pressekonferenz gefuerdert. Lëtzebuerg soll en Enn vun den Attacken op Gaza a vun der Coloniséierung vum Westjordanland fuerderen an d’Handelsbezéiunge mat Israel dorunner knäppen. Donieft misst Lëtzebuerg Palestina endlech als Staat unerkennen.

LSAP, Gréng a Lénk kritiséieren Gazapolitik vun der Regierung