Ronn 700 Awunner huet Schengen grad emol an trotzdeem ass den Numm vun der Uertschaft un der Musel weltwäit bekannt. Dat läit um Schengen-Accord, deen haut viru 40 Joer op der MS Princesse Marie-Astrid eben zu Schengen ënnerschriwwe gouf. Déi éischt Signataire waren d'Benelux-Länner, Däitschland a Frankräich. Mëttlerweil sinn 29 Länner Deel vum Schengen-Raum an deem sech eng 400 Millioune Mënsche fräi hin an hier beweege kënnen. Op mannst an der Theorie, well Kontrolle suerge scho länger nees fir Stau un de Grenzen. Dat war dann och Sujet an eiser Emissioun Background, Marc Hoscheid.
14/06/2025 BAND Resumé Background 18h10 (online)
Am meeschte gelies