
Ronn 400 Millioune Mënsche wunnen am Schenge-Raum, der weltwäit gréisster Zon fir de fräie Persouneverkéier. Eng 3,5 Millioune Mënschen fueren all Dag iwwert eng Schengen-Bannegrenz. Dovunner profitéieren och den Tourismus an d'Ekonomie. Fir all dës Fräiheeten a Virdeeler gouf viru 40 Joer mam Schengen-Accord de Grondsteen geluecht: en Accord, un deen am Ufank keen esou richteg gegleeft huet. An awer gouf en zu engem vun de wichtegste Pilieren an der Konstruktioun vun Europa.
Iwwer de ganze Weekend goufen et Festivitéiten zu Schengen. Déi offiziell Zeremonie war e Samschden, a Presenz vum Grand-Duc Henri a senger Schwester, der Prinzessin Marie-Astrid. D'Céline Eischen war fir eis op d'Musel.