
© Photo by Mick Haupt on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Texas.
TEXAS
Awunner: 30,5 Milliounen
Haaptstad: Austin
Spëtznumm: The Lone Star State
Texas dréit de Spëtznumm "The Lone Star State" well de Bundesstaat fréier eng onofhängeg Republik war. Spuenie war dat éischt europäescht Land, dat d’texanescht Gebitt fir sech beusprocht a kontrolléiert huet. Duerno koume ganz kuerz d’Fransousen, ier Mexiko den Territoire u sech gerappt huet. Mam Texanesche Revolutiounskrich hunn d’Texaner sech 1835/36 d’Onofhängegkeet vu Mexiko erkämpft. No der Victoire hunn d’Texaner de mexikanesche President Generol Santa Anna gefaange geholl an hie gezwongen den Traité vu Velasco ze ënnerschreiwen, mat deem Texas zur eegestänneger Republik ginn ass. 1845 ass Texas als 28. Bundesstaat de Vereenegte Staate bäigetrueden. Dat Event huet op en Neits zu gewaltvollen Ausernanersetzunge gefouert, well Mexiko den Traité natierlech net unerkannt huet. D’Evenementer hunn de Mexikanesch-Amerikanesche Krich ausgeléist, deen 1848 mat enger Victoire vun den USA op en Enn gaangen ass. Bis nom Amerikanesche Biergerkrich war Texas e Sklave-Staat an Deel vun der Confederatioun vun den eelef Südstaaten.
Wann een un Texas denkt, kommen engem natierlech direkt Cowboy-Hitt, Barbecue, Äerdueleg an de Sproch "Everything is bigger in Texas" an de Kapp. Texas huet awer vill méi ze bidden, virun allem eng vun deene gréissten an diversten Ekonomië vun der Welt: Rëndfleesch-Produktioun, Hightech-Companies, Loft-, Raum- a Schëfffaart oder Musek-Industrie. Texas huet mam "M.D. Anderson Cancer Center" och ee vun de weltwäit innovatiivsten Zentre fir Kriibsfuerschung.
ZZ Top
ZZ Top sinn eng vun deene gréisste Bands aus der Musek-Geschicht. Aus dem Sänger a Gittarist Billy Gibbons sengem Blues-Stil, an dem Rhythmus vum Drummer Frank Beard a Bassist Dusty Hill, huet d’Formatioun e ganz eegene Signature-Sound entwéckelt. No hiren éischte fënnef Alben an enger erfollegräicher Tournée hu ZZ Top méi e Mainstream-Sound gemaach. Vun deem Moment u sinn d’Museker och mat Sonnebrëll an de laange Bäert opgetrueden an zu absolutte Welt-Stars ginn.