Demonstranten erhiewe schwéier Virwërf géint d'Uni.lu

Déi sougenannten "Guy Fawkes"–Maske stinn zanter Jore symbolesch fir Protest. / © RTL Today
E Grupp vun Demonstranten huet sech Ufank der Woch virun der Chamber zesummefonnt, fir op d'Ëmstänn an d'Mëssstänn bei der Uni.lu opmierksam ze maachen.
Maskéiert Demonstranten hu sech en Dënschdeg virun der Chamber zesummefonnt an der Uni.lu Belästegung, Muechtmëssbrauch an e Vernoléissege vun hirer edukativer Missioun op Käschte vu Mataarbechter a Studente virgeworf. D'Demonstranten, déi dobäi sougenannten "Guy Fawkes"–Masken unhaten, behaapten, dat Mataarbechter vun der Universitéit wéinst dëse Mëssstänn Reklamatioune gemaach hätten, Transferten ugefrot hätten a souguer demissionéiert hätten.
De Grupp huet der Leedung vun der Uni weider virgeworf, an intern demokratesch Walen anzegräifen an net genuch géint d'Wunnengsnout vun de Studenten ze ënnerhuelen.
Op de Schëlder, déi d'Demonstrante virun der Chamber gewisen hunn, stoung "Jo zu Studentewunnengen, nee zur Autokratie" a "Jo zu akademescher Exzellenz, nee zu Belästegung". Op de Flyeren, déi verdeelt goufen, gouf vun enger "alarméierender Situatioun hannert de Kulissen" geschwat.
D'Manifestatioun ass zur selwechter Zäit ofgelaf, wéi d'Kommissioun fir Héichschoul, Fuerschung an Digitaliséierung an der Chamber eng extern Evaluatioun vun der Uni duerch eng international Fuerschungs- a Consulting-Organisatioun diskutéiert huet.
Op Nofro vum RTL Today huet de Ministère fir Héichschoul erkläert, dat d'Uni.lu d'Sécherheet vu sougenannte Whistleblower garantéiert, also Leit, déi geheim intern Informatiounen, déi fir d'Ëffentlechkeet wichteg sinn, publizéieren. D'Uni.lu géing sech deemno engagéieren, e "séchert Ëmfeld" ze schafen, an deem "Verstéiss géint d'Gesetz ouni Angscht" kënnen zur Sprooch bruecht ginn.
Allerdéngs huet de Ministère och ënnerstrach, datt anonym Doleancen net an hiren Zoustännegkeetsberäich falen an hunn duerfir geroden, d'Universitéit direkt ze kontaktéieren.
Spriecher vun der Uni.lu hunn op Nofro zouginn, datt "Problemer kënnen entstoen", mee dat een an de leschte Joren "considerabel Efforte" gemaach hätt, fir "Prozesser a Prozeduren ze optimiséieren", fir Konflikter konsequent a mat Suergfalt unzegoen. D'Spriecher hunn och drop higewisen, datt zënter 2022 am Kollektivvertrag eng kloer Protektioun géint Belästegung verankert ass an et verschidde Weeër fir Studenten a Mataarbecht ginn, fir am Fall vu Belästegung Ënnerstëtzung ze kréien.
Wat d'Wunnengssituatioun ugeet, huet d'Uni betount, si géif aktiv dru schaffen, d'Offer u bezuelbare Studentewunnengen auszebauen.