D'Pilz-Infektioun, déi besonnesch fir vulnerabel Patiente geféierlech ass, verbreet sech aktuell an Europa. Zu Lëtzebuerg gouf et awer nach kee Fall.

Infektioune mam sougenannten "Candida auris"–Pilz sinn amgaangen, an Europa an d'Luucht ze goen. Vun 804 Fäll am Joer 2022 op 1.346 am Joer 2023. De Krankheetserreeger, un deem tëscht 29 an 62 Prozent Prozent vun de Patiente stierwen, gouf fir d'éischt 2014 an der EU gemellt a verbreet sech zanterdeem ëmmer weider.

Däitschland, Frankräich an d'Belsch hunn am Joer 2023 am ganze 77, zéng respektiv sechs Fäll gemellt. Eréischt dës Woch huet den Tagesspiegel vum zweetgréissten Ausbroch an Däitschland geschriwwen, dat am Berliner Charité Spidol.

Och wann d'Pilz-Infektioun besonnesch geféierlech ass fir Spidolspatiente mat geschwächtem Immunsystem, huet den ECDC, den Europäeschen Zenter fir Krankheetspreventioun, rezent gemellt, datt vill Länner nach ëmmer Lücken an hirer nationaler Virbereedung hunn, besonnesch wat Iwwerwaachung, Infektiounskontroll a Präventioun ugeet.

D'Journaliste beim RTL Today hu beim Gesondheetsministère nogefrot, wéi d'Situatioun am Grand-Duché ausgesäit.

Fäll musse gemellt ginn

An hirer Äntwert huet d'Santé erkläert, datt d'Gefor duerch Candida auris am Grand-Duché net ignoréiert gëtt. Moossname wéi d'obligatorescht Melle vu Fäll an en nationaalt Iwwerwaachungssystem wiere scho lancéiert ginn. D'Laboratoiren zu Lëtzebuerg hätten d'Kapazitéit, d'Spuere vum Krankheetserreeger z'erkennen.

Allerdéngs huet den ECDC gemellt, datt Lëtzebuerg nach ëmmer keng spezifesch Richtlinne fir Analysen am Labo, klinesch Behandlung oder Infektiounskontroll hätt. Am Géigesaz zu Nopeschlänner wéi Däitschland a Belsch, déi schonn esou Mesuren en place gesat hunn.

D'Santé huet betount, datt am Fall vun engem Ausbroch Spideeler a Laboratoiren op d'Recommandatioune vun den Nopeschlänner oder vun europäesche Strukturen zréckgräife kéinten. Et géinge speziell Ekippe fir d'Preventioun a Kontroll vun Infektiounen a Spideeler ginn, an dës wéisten, d'Precautiounen, déi fir "dësen Typ vun Infektioun néideg sinn", ëmzesetzen.

D'Santé huet och nach drop higewisen, datt Lëtzebuerg e klengt Land wier, wat et den Autoritéiten erlabe géing, déi néideg Mesurë séier en place ze setzen, soubal e Fall detektéiert géing ginn, a sou eng "potentiell Epidemie" ze limitéieren.

RTL

E Beispill vu Candida auris an engem Labo vum CDC, de US-Amerikaneschen Zenter fir Krankheetspräventioun. / © Photo: CDC/PHIL #21796 (public domain)

E resistente Krankheetserreeger

Och wann d'Pilz-Infektioun bis elo nach net zu Lëtzebuerg detektéiert gouf, gëllt et opzepassen, well déi meeschte Fäll an Europa am Santésberäich gemellt goufen.

Wéi d'Direktioun erkläert, ass d'Behandlung besonnesch komplizéiert, well d'Hief am Pilz séier eng Resistenz géint Medikamenter entwéckele kann. Dat géing d'Behandlung "méi komplizéiert maachen" an och d'Period verlängeren, an dàr de Pilz kann iwwerdroe ginn.

Wat Candida auris och aussergewéinlech géing maachen, wier seng Fäegkeet, an engem Ëmfeld ze iwwerliewen, dat fir aner Krankheetserreeger ongënschteg wier. Wéi d'Santé erkläert, kéint de Krankheetserreeger sech zum Beispill un héich Temperaturen oder eng héich Salz-Konzentratioun upassen. Dat si Charakteristiken, déi mat verantwortlech wiere fir d'Accumulatioun a Spideeler.

Vulnerabel Patiente besonnesch a Gefor

D'Direktioun huet erkläert, datt déi schwéierst Fäll bei Persoune mat geschwächtem Immunsystem observéiert goufen, zum Beispill bei Kriibspatienten an der Chimiotherapie oder bei Persounen, déi op enger Intensivstatioun stationéiert sinn.

Am Géigesaz zu anere Pilz-Aarten aus der selwechter Grupp gehéiert Candida auris net zur normaler mënschlecher Flora. Infektioune geschéien oft iwwer eng Kolonisatioun vun der Haut, de Krankheetserreeger ka sech awer och op Objete, wéi medezineschen Apparater, festsetzen.