Accident zu Eech op der Place Dargent no enger Course poursuite

© Domingos Oliveira
En Donneschdeg géint 17 Auer koum et zu Eech zu engem Accident, nodeems en Auto probéiert huet virun der Police ze flüchten.
Wéi eng Aenzeien RTL géintiwwer gemellt huet, waren eng ganz Partie Policepatrullen aus der Stad den Eecher Bierg erof gefuer, dat mat héijer Vitess. Et hat deen Ament scho gestaut. Wéi d'Aenzeie bis ënne beim Bus-Arrêt op der Eecher Plaz ukomm war, ass hir ee schwaarzen Auto op hirer Spuer entgéint komm, ass dunn iwwert den Trottoir gefuer, a gouf dunn do tëscht engem Bus an enger Mauer ageklemmt.
Am Auto wieren 3 jonk Persoune gewiescht. Zwee vun hinne wier et gelongen nach aus dem Auto ze flüchten, woubäi ee sech warscheinlech dobäi blesséiert hätt, wéi en d'Fënster futti geschloen huet. Eng Persoun wier awer am Auto ageklemmt gewiescht a konnt vun der Police gefaasst ginn.

Dëse schwaarzen Auto mat 3 jonke Leit dran, huet probéiert duerch de Géigeverkéier an duerno iwwert en Trottoir virun der Police ze flüchten. / © RTL Mobile Reporter
Kuerz virun 18 Auer konnt d'Spriecherin vun der Police nach keng Ausso zum Grond vun der Course poursuite maachen. Et wieren Abréch, respektiv Abrochversich am Steeseler Raum gemellt ginn, ma deen Ament wousst een net, ob et domadder zesummenhänkt.
Kuerz drop krute mer awer vun der Police bestätegt, dass déi 3 Persounen aus dem Auto konnte gepëtzt ginn, an d'Course poursuite géif am Zesummenhang mat engem Abroch zu Walfer stoen.
Eventuell Zeie vum Abroch, respektiv der Course poursuite wieren dann och gebiede sech wgl bei der Police ze mellen.