
© Photo by Georg Eiermann on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Washington.
WASHINGTON
Awunner: 7,8 Milliounen
Haaptstad: Olympia
Spëtznumm: The Evergreen State
Washington ass dee gréissten Äppel-Produzent aus den USA. D’Uebst wiisst virun allem am Osten. Hei ass d’Klima mat den dréchenen a waarme Summer, an de kalen a fiichte Wanter ideal. Gläichzäiteg huet de Bundesstaat vill Vulkan-Buedem, dee räich un Närstoffer ass. Wann een alleguer d’Äppel, déi am Washington pro Joer produzéiert ginn, géif niewentenee leeën, kéint een 29 Mol d’Äerd ëmkreesen. Äppel aus Washington ginn a méi ewéi 60 Länner exportéiert.
Washington ass gepräägt vun enger wonnerschéiner Natur. Virun allem stiechen déi dräi Nationalparken Olympic, North Cascades a Mount Rainier eraus. Mat knapps 4400 Meter huet de Mount Rainier deen héchste Sommet aus dem Bundesstaat. De Bierg ass Deel vun der Cascade Range, déi sech vertikal duerch Washington zitt. Vu Wantersport bis hin zu Waasserfall-Hikes am Summer ass d’Regioun e Paradäis fir Outdoor-Begeeschterter. Washington huet och extrem vill Gletscher, eleng ronderëm de Mount Rainier sinn et der 25.
Nieft de Bierger gëtt et am Washington an der Regioun vun de San Juan Islands och iwwer 170 Inselen an deemno vill Waasser. Mat enger Flott vun 21 Fären exploitéiert de Bundesstaat dee gréisste Färe-System aus den USA. Am Washington fënnt ee mat der Evergreen Point Floating Bridge och déi längste schwammend Bréck vun der Welt. D’Konstruktioun ass 2.350 Meter laang a 35 Meter breet. Iwwert d’Bréck verleeft eng 6-spureg State Route.
Pearl Jam
Pearl Jam hunn ufanks vun den 90er zesumme mat Nirvana de Grunge populär gemaach a sinn duerno zu enger vun den aflossräichste Bands aus deem Joerzéngt ginn. Allerdéngs huet d’Formatioun kee renge Grunge gemaach, mee war zimmlech villfälteg ënnerwee. Hir Wuerzelen hate Pearl Jam am Heavy Metal aus de 70er, am Hardcore Punk an am klassesche Rock. Pearl Jam sinn déi eenzeg vun de grousse Seattle-Grunge-Bands déi bis haut existéieren an ëmmer nach Albume produzéieren. 2017 goufe si an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.