Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Wisconsin.

03/11/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Wisconsin)

WISCONSIN
Awunner: 5,8 Milliounen
Haaptstad: Madison
Spëtznumm: Badger State oder America’s Dairyland

Wisconsin grenzt un de Lake Superior an un de Lake Michigan, zwee vun de fënnef Great Lakes of North America. De Bundesstaat steet virun allem fir Kéis, Cranberries, Béier an Toilettepabeier.

Wisconsin ass ee vun de gréisste Mëllech-Produzenten an dee gréisste Kéis-Produzent aus den USA. De Bundesstaat huet dofir de Spëtznumm "America’s Dairyland". D’Awunner ginn am Geck "Cheeseheads" genannt. Zu Monroe am Süde vum Wisconsin gëtt et mam "National Historic Cheesemaking Center Museum" esouguer e Kéis-Musée. Hei ginn et reegelméisseg Demonstratioune vun ale Kéis-Meeschteren, déi weise wéi Kéis virun honnerte vu Joren gemaach gouf.

Am Zentrum vum Wisconsin läit dat klengt 400-Awunner-Kaff Warrens. All Joers am September zitt d’Duerf awer zéngdausende Leit fir de legendäre Warrens Cranberry Festival un. Wisconsin ass mat iwwer 60% vum Marché dee gréisste Cranberry-Produzent aus dem Land. Nieft kulinaresche Cranberry-Spezialitéiten a Cranberry-Souveniren, ginn et och etlech Contests. Zum Beispill gëtt déi gréisste Cranberry gekréint.

D’Stad Green Bay gëlt als "Toilet Paper Capital of the World". D’Firma Northern Paper Mills vu Green Bay huet 1935 den Toilettepabeier-Marché revolutionéiert. D’Firma huet Toilettepabeier ouni Spläiteren a rau Faseren erausbruecht. Bis dato gouf de Pabeier nämlech dacks aus Holzspéin gemaach.

Steve Miller
De Steve Miller hat mat senger Steve Miller Band 1973 mam Album "The Joker" den Héichpunkt vu senger Karriär ageleet. Den Titel-Song gouf en Nummer-1-Hit an den USA. An de Joren drop koumen d’Wierker "Fly Like An Eagle" a "Book of Dreams" eraus, déi et allen zwee op d’Eent an den Album-Charts gepackt haten. Duerch den Erfolleg konnt d’Steve Miller Band 1977 mat den Eagles op grouss Stadion-Tournée goen. No där Zäit huet de Miller sech aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. 1982 ass hien awer op eemol erëm mam Hit-Album "Abracadabra" opgetaucht. Den Titel-Track war en internationalen Nummer-1-Hit.