
© Photo by Tuan Nguyen on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: West Virginia.
WEST VIRGINIA
Awunner: 1,7 Milliounen
Haaptstad: Charleston
Spëtznumm: Mountain State
West Virginia ass dee Bundesstaat mat de mannsten Akademiker an huet ganz vill mat Aarmut ze kämpfen. Och wa vill Leit aus dem West Virginia auswanderen an ëmmer manner Leit an de lokalen Industrië schaffen, ass de Bundesstaat nach ëmmer eng vun deene gréisste Kuele-Regiounen op der Welt. Donieft bleift och d’Produktioun vu Chemikalien, Metaller an Holz konstant.
Am West Virginia ass d’Geméis mam Numm Ramp heemesch. Ramp ass quasi wéi eng Mëschung aus Fréijoersënn, Porett a Bärlauch. D’Geméis wiisst virun allem an den Apppalachian Mountains. Esoubal de Schnéi an de Bierger schmëlzt, ginn d’Ramps gepléckt an zu typesche Produiten ewéi Gebeess, Wäin, Dressing oder Esseg veraarbecht. An de Communities ginn och Ramp Dinners oder Festivaller gefeiert. Dee gréisste Festival ass "The Feast of the Ramson" zu Richwood am Süd-Oste vum West Virginia. Richmond gëtt och als "Ramp Capital of the World" betitelt. D’Ernt vun de Ramps steet symbolesch fir de Fréijoersufank.
Mat der New River Gorge Bridge zu Fayetteville huet West Virginia eng vun deene längste Stol-Bou-Brécke vun der Welt. D’Bréck ass knapps 930 Meter laang an 270 Meter héich. All drëtte Samschden am Oktober feiert de Bundesstaat de Bridge Day. Op dësem Dag ass d’Bréck fir Autoen zou a fir Foussgänger op. Wann een iwwert d’Bréck geet, kann een nokucke wéi Basejumper d’Chance kréien, sech déi 270 Meter an d’Déift ze stierzen.
Bill Withers
A senger Zäit bei den US-Marines huet hien ugefaange Songs ze schreiwen. No sengem Déngscht ass hien op Los Angeles geplënnert fir seng Museker-Karriär ze lancéieren. Mat "Ain’t No Sunshine" war dem Bill Withers den internationalen Duerchbroch gelongen. Am Joer drop krut de Museker dofir och e Grammy. Nëmme ganz wéineg Sänger haten esou e saten a berouegende Bariton ewéi de Bill Withers. Weider grouss Hits sinn "Just The Two Of Us", "Lovely Day" oder "Lean On Me".