
© Photo by Mick Kirchman on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Wyoming.
WYOMING
Awunner: 576.000
Haaptstad: Cheyenne
Spëtznumm: Equality State
Als éischte Staat op der Welt huet d’Parlament vum Territoire Wyoming 1869 dat aktiivt a passiivt Walrecht fir Fraen agefouert. Eng wichteg Roll dobäi huet d’Esther Morris gespillt, eng couragéiert an androcksvoll Fra déi sech duerchsetze konnt. Matzen am Gold Rush vu Wyoming stinn 1869 Neiwale vum lokale Parlament un. Wärend de Wal-Partyen hëlt d’Esther Morris esouwuel dem Kandidat aus dem Demokrateschen ewéi och aus dem Republikanesche Lager d’Verspriechen of, am Fall vun enger Wal e Gesetz fir d’Gläichberechtegung vu Fraen ëmzesetzen. De gewielten Demokrat William Bright hält säi Wuert an huet en entspriechend Gesetz op de Wee bruecht. Iwwerraschenderweis gouf dat esouguer gestëmmt, och wann am Parlament jo nëmme Männer souzen. Vum 10. Dezember 1869 un hunn am Wyoming also Fraen dierfe wiele goen a selwer fir ëffentlech Ämter kandidéieren. Déi éischt Fra déi dat genotzt huet, war d’Esther Morris selwer. 1870 gouf si als éischt Fra an den USA zur Friddensriichterin gewielt. Zanterhier dréit Wyoming voller Stolz de Spëtznumm "Equality State".
De Bundesstaat mat de mannsten Awunner huet a punkto Natur extrem vill ze bidden. Den imposanten Devils Tower gouf 1906 als alleréischt United States National Monument unerkannt. Am Nord-Weste vum Wyoming fënnt ee mam legendäre Yellowstone National Park deen eelsten Nationalpark vun der Welt. De Park ass UNESCO-Weltkulturierwen a mat ronn 300 aktive Geysiren dat gréisst Geysir-Gebitt op der Welt. De Steamboat-Geysir, deem seng Waasser-Fontänen iwwer 90 Meter erreechen, ass deen héchste Geysir op der Welt.
Chris LeDoux
De Chris LeDoux war begeeschtert vu Päerd an en talentéierte Reit-Sportler. Als Teenager huet hien d’Rodeo-Landesmeeschterschaft am Wyoming gewonnen. Den Héichpunkt war 1976 d’Victoire bei der Weltmeeschterschaft. Wärend senger sportlecher Karriär huet de LeDoux ugefaange Songs ze schreiwen, Placken opzehuelen a seng Musek wärend Rodeo-Events ze verkafen. Lues a Lues konnt hie sech esou eng trei Fan-Gemeinschaft opbauen. De LeDoux huet an där Zäit ganzer 22 Albume produzéiert. No der Rodeo-Karriär koumen der nach néng dobäi. De Chris LeDoux war mat iwwer 100 Concerten am Joer och e renomméierte Live-Performer. Säi gréissten Hit ass "Whatcha Gonna Do With A Cowboy" mam Garth Brooks.