... 30 Joer ënnerschreiwen de jordanesche Kinnek Hussein I. an den israelesche Ministerpresident Jitzchak Rabin no 46 Joer Krichszoustand e Friddensvertrag tëscht béide Länner.

26/10/2024 Haut virun...

Russesch Spezialeenheete léisen 2002  mat Gewalt eng Geiselnam an engem Moskauer Theater op. Di tschetscheenesch Terroriste ginn op der Plaz liquidéiert, et stierwen awer och 130 vun den 850 Geiselen - um Gëftgas dee vum Geheimdéngscht an d'Ventilatioun gepompelt gi war fir d'Täter ze betäuben.

An Éisträich ass haut Nationalfeierdag. Hir "fräiwëlleg ëmmerwärend Neutralitéit" gëtt 1955 als Verfassungsgesetz festgehalen.

1965 gëtt a Frankräich de Code Postal agefouert. D'Postleetzuel besteet ugangs aus der Nummer vum jeeweilegen Département an den éischten 3 grouss geschriwwene Buschtawe vun der Lokalitéit.

RTL

© Pixabay

Haut viru 47 Joer ass et an Däitschland dee leschte regulären Asaz vun enger Damplokomotive.

Bësse méi séier ass haut viru 27 Joer de Jacques Villeneuve ënnerwee. Och eng onfair Attack vum Michael Schumacher konnt de Kanadier net dovun ofhalen, beim leschte Grand Prix vun der Saison zu Jerez a Spuenien Formel-1-Weltmeeschter ze ginn.

1916 gebuer gëtt de franséische Politiker a Staatspresident François Mitterrand.

Virun 8 Joer war si bal di éischt amerikanesch Präsidentin ginn - 77 Joer al gëtt d'Hillary Clinton.

Viru 74 Joer op d'Welt kënnt de Nico Braun - lëtzebuergesche Foussballnationalspiller, deen ë.a. op Schalke an zu Metz Profi war.

Ronn 60. Gebuertsdag fir di heite Kultfigur aus der Elektro- an Technowelt - den däitschen DJ Sven Väth.

An haut ass den 300. Dag vum Joer, an den internationalen Dag vun der Intersexualitéit.