
© afp
Si war eng "Dame of the British Empire", iwwer Joerzéngten eng fest Gréisst um groussen Ecran an eng vun den Theater Doyennen vun der Insel. Enn September ass déi grouss Actrice Maggie Smith, déi mat Agatha-Christie Verfilmungen, iwwer Harry Potter, bis hin zu Downton Abbey berühmt gouf, am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Michèle Schons?
Fir hir Karriär, déi sech iwwer 70 Joer stréckt ass d'Londonerin en Masse geéiert ginn. Esou war d'Maggie Smith eng vun de wéinegen Actricen, déi all wichteg Theater- a Filmpräisser gewonnen huet, deels esouguer e puermol: Zwee Oscaren, dräi Golden Globes, véier Emmyen a fënnef Baftaen kann d'Kënschtlerin mat der schaarfer Zong an hirer Sammlung zielen. Virun allem mat zwou Rollen huet se Hollywoodgeschicht geschriwwen: Als Hogwarts-Schoulleederin a Quidditch-Fan Professer McGonagall huet se den Harry Potter an der Kinosserie ënnerstëtzt, wat hiert Liewe komplett verännert huet:
Als Dowager Lady Violet Crawley, Countess of Grantham, gouf d'Maggie Smith an der Serie Downton Abbey berüümt. Dobäi huet d'Schauspillerin iwwerhaapt näischt op hir Berüümtheet ginn, huet sech weder hir Serien ugekuckt an där se gespillt huet, a konnt virun Downton Abbey eleng an den Theater goen, oder a Galerien, ouni dass ee wosst, wien se war.
Gebuer gouf d'Maggie Smith den 28. Dezember 1934 zu Ilford bei London, d'Famill ass awer kuerz drop op Oxford geplënnert. D'Maggie stoung scho mat 27 als Viola am Shakespeares Twelfe night, or what you will op der Theaterbühn, wat den Ufank vun enger Bühnekarrière war, déi iwwer 70 Joer sollt goen.
Onvergiesslech war se och an hire Rollen an de Filmer Hook, Sister Act, Club der Teufelinnen oder Best Exotic Marigold Hotel an nach emol 2015 an The Lady in the Van, wou se nach emol als Sans-Abri hiert grousst dramatescht Talent beweise konnt.
1990 gouf d'Maggie Smith zur Dame Commander of the Order of the British Empire ernannt. De 27. September dëst Joer huet d'Dame Maggie Smith eis fir ëmmer verlooss.
Hir Bouwen Toby Stephens a Chris Larkin hunn op hirem Doudesdag bekannt ginn, dass se friddlech, am Krees vun hirer Famill, am Spidol fir ëmmer ageschlof ass an zwee Bouwen a fënnef Enkelkanner hannerléisst.

© afp