
© Pixabay
... 155 Joer verëffentlecht de russesche Chemiker Dmitri Mendelejew säi Periodesystem vun den Elementer, dat bis haut an all Chemiessall hänkt.
1858 mécht ee gewësse Rowland Hussey Macy zesumme mat senge Partneren e Buttek op zu New York. Am Laf vun der Zäit expandéiert de Business zum weltgréisste Kafhaus "Macy's".

© Pixabay
A wann mir grad zu Nei York sinn - 1886 gëtt di 92m héich Fräiheetsstatu, e Kaddo vu Frankräich, vum US-Präsident Grover Cleveland ageweit.

© Pixabay
Kee Kaddo, a Frankräich, sinn di 2. Olympesch Summerspiller vun der Neizäit - des ginn haut virun 124 Joer op en Enn, nodeems se méi wéi 5 Méint gedauert hunn. Se ginn am Kader vun der Weltausstellung ausgedroen, si wéineg populär, ginn anescht genannt a geroden zur Niewesaach. Verschidde Sportler gi réischt Jore méi spéit, oder iwwerhaapt net, gewuer dass se bei Olympia deelgeholl hunn.
1918 gëtt zu Prag di éischt Tschechoslowakesch Republik ausgeruff. Eng inoffiziell Bezeechnung fir d'Zäit vum Staat tëscht der Onofhängegkeet 1918 an der Aglidderung vun de sudetendäitsche Gebidder 1938 an den NS-Staat.

© Pixabay
1940 gräift Italien Griicheland un, nodeems den helleeneschen Diktator Metaxas en Ultimatum vum Mussolini mat engem einfache "Nee" beäntwert hat. Zanter dem 2. Weltkrich ass dowéinst den 28. Oktober de griichesche Nationalfeierdag.

© Pixabay
Weltwäit Entspanung gëtt et 1962, wéi d'Kubakris op en Enn geet. Di russesch Atomrakéite gi vu Kuba ofgezunn, d'Amerikaner zéien hir nuklear Waffen aus der Tierkei zréck.
80 Joer hätt haut de franséischen Acteur, Realisateur an Humorist Coluche krit.
Aktuell soll en ronn 106 Milliarden Dollar schwéier sinn - den amerikanesche Manager a Programméierer Bill Gates gëtt 69 Joer al.
61. Gebuertsdag fir den Eros Ramazotti. Bei der Actrice Julia Roberts ass et dee 57.
Virun 2 Joer verléisst eis de Rock n' Roll Pionéier Jerry Lee Lewis.
D'lescht Joer stierft den Acteur Matthew Perry.