
© Pixabay
Et ass den Dag vun der Schuppeflecht - dee gëtt och virun 20 Joer an d'Liewe geruff, fir op d'Situatioun vun de Leit mat där Hautkrankheet opmierksam ze maachen.
1863 ginn zu Genf op enger internationaler Konferenz d'Resolutiounen zur Grënnung vu nationalen Hëllefsorganisatioune fir Krichsverletzter an d'Aféiere vun engem Erkennungs- a Schutzzeeche beschloss. Et ass d'Gebuertsstonn vun engem roude Kräiz op engem wäissen Aarmband.

© Pixabay
1888 gëtt di international Suezkanalkonventioun ënnerschriwwen, duerch déi de wichtege Kanal zu internationalem Gewässer deklaréiert gëtt. 1956 gëtt dësen um selwechten Dag vun Ägypte verstaatlecht, wat zur Reaktioun huet dass israeelesch Truppen an d'Sinaïhallefinsel afalen - et ass den Ufank vum Suez-Krich.

© Pixabay
1911 spillt di lëtzebuergesch Futtballnationalekipp hiren éischten offizielle Lännermatch. D'Rout Léiwe verléieren 1-4 géint Frankräich. Den Albert Elter schéisst den éischte Gol fir Lëtzebuerg.

© Pixabay
Dee selwechten Dag stierft den amerikanesche Schrëftsteller Joseph Pulitzer - de Stëfter vum faméise Pulitzer-Präis.
Viru 65 Joer ass an der éischter Editioun vum franséische Jugendmagasinn "Pilote" den éischte Comic mam "Astérix le Gaulois" ze gesinn.
1969 gëtt vun der University of California zu Los Angeles eng Noriicht op d'Universitéit vu Stanford bei San Francisco geschéckt. Net mat der Post. Via Computer. Et ass d'Gebuertsstonn vum Internet.

© Pixabay
Dee selwechten Dag kënnt zu Ost-Berlin de Komiker Mirco Nontschew op d'Welt, deen an der Emissioun "RTL Samstag Nacht" zur Kultfigur gëtt.
Haut viru 40 Joer brénge Modern Talking hir éischte Single eraus. Mat "You're my heart, you're my soul" ginn Dieter Bohlen an Thomas Anders fir 25 Wochen op Plaz 1 vun den däitschen Charts - d'Single verkeeft sech méi wéi 8 Millioune mol.