
© Pixabay
... 64 Joer kënnt den Diego Armando Maradona op d'Welt. An eise Fakte vum Dag geet et och nach ëm 2 aner groussaarteg Sportler.
Kucke mir fir d'éischt awer mol no de Finanzen. Haut virun 100 Joer gëtt um 1. internationale Spuerkeesekongress zu Mailand beschloss, dass den 30. Oktober de Weltdag vum Spuere soll sinn.

© Pixabay
"Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange", kuerz d'ARBED. Se gëtt 1911 gegrënnt, geet 2002 an den europäesche Stolgrupp Arcelor iwwer, aus deem 4 Joer méi spéit ArcelorMittal gëtt.
1938 leeft um amerikanesche Radio d'Lauschterspill "Krich vun de Welten", geschwat vum Orson Welles. Et wierkt esou echt, dass plazeweis Panik ausbrécht an den USA.
Angscht hunn d'Amerikaner och 1961. Do explodéiert di sougenannten "Zarbomm". Di sowjetesch Waasserstoffbomm mam Decknumm Wanja léist di stäerkste jee vu Mënsche verursaachten Explosioun ass. D'Bomm weit 27 Tonnen an ass ronn 4000x méi staark wéi d'Atombomm vun Hiroshima. Den Atompilz ass 64km héich an duerch d'Inoiséierung vun der Atmosphär fält eng Stonn laang de Funk aus, sou dass kee Bescheed ka soen, dass den Test erfollegräich war.
Iwwert eng Bréck vun engem Kontinent an een anere fueren - dat geet zu Istanbul. Do gëtt 1973 di sougenannte Bosporusbréck ageweit, di Europa mat Asien verbënnt.

© Pixabay
Haut viru 50 Joer triumphéiert de Muhammad Ali am "Rumble in the Jungle". Zu Kinshasa, am deemolege Zaïre, gewënnt hien an der 8. Ronn duerch K.O. géint de Boxweltmeeschter George Foreman. Ronn 100.000 frenetesch Fans si beim wuel gréisste Boxspektakel vun allen Zäite live dobäi.
An da nach eng sportlech Legend - 1988 séchert sech den Ayrton Senna mat der Victoire beim Grand Prix vu Japan säin éischte Formel-1-Weltmeeschtertitel.

© Pixabay
An haut viru 16 Joer gëtt kuerz viru Mëtternuecht de Berliner Fluchhafen Tempelhof zougemaach, nodeems di 2 lescht Fligere fortgeflu sinn. Eng Ju 52 "Tante Ju", an eng Douglas DC-3, ee vun de berüümte "Rosinenbomber".

© Pixabay