... 95 Joer kënnt zu Neapel de Carlo Pedersoli op d'Welt. Als Schwëmmer hëlt en 2x un Olympesche Spiller deel. Als Bud Spencer sollt en e berüümten Acteur ginn.

31/10/2024 Haut virun...

Nieft Halloween am Allgemenge sinn et a Mexico di wichtegste Feierdeeg vum Joer. Bis Allerséilen ginn d'"Dias de los Muertos" gefeiert - d'Deeg vun den Doudegen. An, et ass Reformatiounsdag, well haut viru 507 Joer de Martin Luther seng 95 Reformatiounsthesen un d'Dier vum Schlass Wittenberg geneelt huet.

1984 gëtt déi indesch Ministerpresidentin Indira Gandhi vun zwee vun hire Leifwiechter ermuert. Si ass um Wee op en Interview mam britteschen Acteur Peter Ustinov.

2002 ginn dem Yves Saint Laurent seng Haute-Couture-Atelieren zu Paräis definitiv zougemaach. An der Vogue schreiwe se dozou: Coco Chanel a Christian Dior waren éischtklasseg, mee den Yves Saint Laurent ass e Genie.

2011 proklaméieren di Vereente Natiounen, dass 7 Milliarde Mënschen op der Äerd liewen. Entretemps si mir bei méi wéi 8 Milliarden. Et gëtt sou lues enk.

RTL

© Pixabay

Puer Leit manner, an awer e ganze Josy-Barthel-Stadion voll, erliewen haut viru 34 Joer bal eng Sensatioun, wéi eis Futtballnationalekipp an der EM-Qualifikatioun nëmme knapps 2-3 géint de rezente Weltmeeschter Däitschland verléiert. Hir Fans randaléieren, eis Fans feieren.

An apropos DFB - 1970 erlaabt di däitsch Federatioun de Fraefuttball.

Knapp donieft ass och dolaanscht - 1930 kënnt de Michael Collins op d'Welt. Hie gëtt de Pilot vun der Apollo-11-Missioun déi als éischt op de Mound flitt. Hie muss an der Kommandokapsel bleiwen, wärend Armstrong an Aldrin zu Helde ginn.

Eppes fir dee nächste Musekquiz - 57 Joer al gëtt haut de Robert Van Winkle - als Vanilla Ice gëtt hien ee vun den éischten erfollegräiche wäisse Rapmuseker.

An am Alter vu 90 Joer stierft 2020 de schotteschen Acteur Sir Thomas Sean Connery.