
© AFP
Als Spiller huet en keng Beem ausgerappt - als Trainer ëmsou méi. Di international Futtballszen huet de 25. August dem Christoph Daum äddi gesot. E grousse Motivateur mat grousse Spréch - a meeschtens war och eppes dohannert.
Gebuer zu Zwickau, opgewuess zu Duisburg, studéiert de Christoph Daum zu Köln Sportwëssenschaften. Donieft hält en Schoul an de Fächer Geo a Sport. Den Daum spillt bei den Amateure vum 1.FC Köln, gëtt mat hinne Champion a wiesselt duerno op d'Trainerbänk. Am Hierscht 1986 gëtt en bei de Profie Cheftrainer. Di Kölner klammen aus den Ofstiigsregioune vun der Tabell bis bal un d'Spëtzt.
An der Saison 88/89 liwwert sech den 1.FC Köln en Duell mat de Bayern. Legendär ass den Optrëtt am "Aktuelle Sportstudio", wou sech de Christoph Daum op där enger, an den Uli Hoeneß an de Jupp Henyckes op där aner Säit, e legendäre Verbalduell liwweren. Um Enn ginn di Kölner zwou Saisonen hannerteneen di Zweet.
Mat senger iwwerzeegender Motivatioun gëtt den Daum am Hierscht 1990 Trainer beim VfB Stuttgart. Änlecht Bild do: et geet no uewen an der Tabell, an d'Kréinung kënnt 1992 mam Championstitel. Duerno geet et dann awer biergof, a 1994 an d'Tierkei bei Beşiktaş Istanbul. Och hei kann den Daum seng Spiller motivéieren a gewënnt nieft Titel a Coupe d'Häerzer vum ganze Klub. Mee de Kontakt an d'Heemecht bleift.
1996 geet et zréck un de Rhäin - ausgerechent bei de Kölner Rival vu Leverkusen, wou dat nächste Wonner passéiert. Vum engem Ofstiigskandidat forméiert de Mënschefänger aus der "Werkself" en Titelkandidat. Mat der richteger Astellung ass alles méiglech - souguer iwwer Schierbele goen. Wat seng Spiller fir hie maachen. Fir den Titel geet et awer net duer - am Joer 2000 gëtt aus Leverkusen "Vizekusen".
Di gréissten Trainerkroun gëtt dem Daum duerno ugebueden. Bei der däitscher Nationalekipp, déi dee Moment alles anescht wéi gutt spillt. Säin Imtimfeind Uli Hoeneß mëscht sech awer an a schwätzt vun engem "verschnupften" Daum. Wochelaang gëtt sech ëffentlech gestridden, éiert et zur berüümter Hoerprouf kënnt. Et stellt sech eraus, dass de Motivatiounstrainer Kokain konsuméiert huet. Et ass den Out beim DFB an och bei Leverkusen.
De Christoph Daum steet awer rëm op, geet zréck bei Beşiktaş, gewënnt duerno mat Austria Wien Titel a Coupe an Éisträich, an an der Tierkei gëtt en mat Fenerbahçe Istanbul 2x hannerteneen Champion. Hie kann et nach ëmmer - muss dann awer aus gesondheetleche Grënn méi kuerz trieden. Bis... d'Offer kënnt fir "säin" FC aus der 2. Bundesliga ze befreien. An dat geléngt dem "Lautsprecher der Liga" och.
No enger drëtter Statioun bei Fenerbahçe geet den Daum op Frankfurt - och si wëlle vun him gerett a nei motivéiert ginn. Wat déi Kéier awer schif geet an an der 2. Liga endegt. 2016 gëtt en dann awer nach Nationaltrainer - a Rumänien. Säi gréissten Challenge kënnt réischt: de Kriibs.
2022 ass et d'Nouvelle, dass den illusteren Trainer, a jorelaange Fëmmert, Longekriibs huet. Des Krankheet hätt sech de falsche Kierper erausgesicht, seet den Daum, a wëllt anere Patienten domat Mutt maachen. All seng Motivatioun a Positivitéit nëtzen awer schlussendlech näischt méi - de Christoph Daum stierft de 25. August am Alter vu 70 Joer. De "Lautsprecher der Liga" hat virdru nach säi Fridde gemaach mam UIi aus Bayern.