Dësen Numm seet deene meeschte näischt;  wa si awer seng Stëmm héieren a besonnesch fir wien se an den Asaz koum, da weess ee Bescheed. D'Marie Gales erënnert un den amerikaneschen Acteur James Earl Jones, deen eis den 9. September am Alter vun 93 Joer verlooss huet.

01/11/2024 In Pace: James Earl Jones

Am beschte resuméiert en Episod aus der Serie ''The Big Bang Theorie'' wéi de Sheldon op den James Earl Jones am Restaurant trëfft. 

Richteg, den James Earl Jones hat der Figur ''Darth Vader'' an de ''Star wars'' Filmer d'Stëmm ginn. Just d'Stëmm, am Kostüm war de britteschen Acteur David Prowse, deen duerch seng Gréisst a duerchtrainéiert Figur de Sith-Lord beschtens verkierpert huet. Seng Stëmm fir dee béise Personnage ze spillen, huet dem Produzent George Lucas awer net gepasst an dunn ass den James Earl Jones an d'Spill komm, deen duerch seng déif Stëmm iwwerzeege konnt.

Den James Earl Jones awer elo just op déi Roll ze limitéieren, wier net richteg, well de Mann huet vill opweises. Hie war um Broadway ze gesinn a seng éischte Filmroll war am Stanley Kubrik sengem Film ''Dr Strangelove''. An Actionfilmer war hien derbäi an och a Komedien, wéi am Film nieft Eddy Murphy ''Coming to America''.

Duerch seng aussergewéinlech Stëmm war hien och e gefrote Synchronspriecher, am Zeechentrickfilm ''Lion King'' als Mufasa, dem Simba säin Papp an hie war och d'Stëmm vu CNN.

 

Eng Rei Präisser, wéi 3 Tonyen, 2 Emmyen, e Grammy, e Golden Globe an en Eierenoscar kréine seng Karriär. Well den Jones an de leschte Jore gesondheetlech ugeschloe war, hat hie säin Accord ginn, seng Stëmm duerch eng KI klonen ze loossen, esou datt dës fir weider ''Star wars'' Filmer kéint an den Asaz kommen.

RTL

© James Earl Jones breathed life into 'Star Wars' villain Darth Vader © AFP/File/ROBYN BECK