... 210 Joer fänkt de Wiener Kongress un, aus deem ë.a. de Staat Groussherzogtum Lëtzebuerg ervir geet, mam hollännesche Kinnek als Groussherzog.

01/11/2024 Haut virun...

1512 ginn an der Sixtinescher Kapell zu Roum dem Michelangelo seng Plaffongsfresken devoiléiert, a gehéieren haut zu de wäertvollste Konschtobjeten op der Welt.

Obwuel d'Aarbechte nach guer net fäerdeg sinn, zitt am Joer 1800 den deemolegen US-Präsident John Adams a seng nei Demeure - an d'Wäisst Haus. Dat réischt 101 Joer méi spéit vum Theodore Roosevelt dee Numm krit. 8 Joer gëtt um Haus gebaut, Käschtepunkt: $232.371.

"Bluddeg Allerhellegen" sinn et haut viru 70 Joer. De Front de la Libération Nationale" fänkt den Algeriekrich un. En dauert 8 Joer, a geet mat enger politescher Néierlag fir Frankräich a mat der Onofhängegkeet vun Algerien op en Enn. Dowéinst ass do haut och Nationalfeierdag.

2 Joer méi spéit, 1956, erkläert Ungarn seng Neutralitéit an den Austrëtt aus dem Warschauer Pakt. Sowjetesch Truppe schloen de Volleksopstand doropshi bluddeg néier.

1961 krit Däitschland dat weltwäit éischte komplett Postleetzuelesystem. No der Wiedervereinigung gi 1993 aus de 4stellegen Zuelen 5stelleger.

Mir bleiwen an deem Joer. 1993 trëtt den Traité vu Maastricht a Kraaft. Ënnert anerem ginn eng Wirtschafts- an eng Wärungsunioun beschloss. Donieft gëtt aus der europäescher Wirtschaftsgemeinschaft di Europäesch Gemeinschaft - d'EG. An doraus 2009 d'EU.

2007 stierft am Alter vun 92 Joer den Amerikaner Paul Tibbets. Hie war 1945 de Pilot, deen den éischte Fliger mat enger Atombomm op Hiroshima geflunn, a bis zum Schluss der Meenung war dass dat eng richteg Decisioun war.

Um Enn eppes fir ze laachen - 52 Joer al gëtt haut den däitsche Comedian mat der Berliner Schnauze Mario Barth.