... 126 Joer gëtt bei engem American Football Match den Cheerleading erfonnt, fir d'Ekippen an d'Fans unzefeieren. Ugangs dierfe just Männer cheerleaden, réischt spéider gi Fraen och zougelooss.

02/11/2024 Haut virun...

1920 geet zu Philiadelphia deen éischte private Radioprogramm op Sendung. KDKA presentéiere Noriichten, Musek an Ënnerhalung.

1936 ass et mam BBC Television Service den éischte reegelméissegen Tëleessender, deen op Antenn geet.

Ufank November ass d'Zäit vun de Walen an den USA. 1948 gëtt den Harry S. Truman erëmgewielt. 1976 gewënnt den Jimmy Carter ganz knapps géint den Gerald Ford, a nach méi knapp ass et (muncher schwätze nach haut vu Bedruch) 2004, wéi den George W Bush erëm di meeschte Stëmme krit.

1917 erkläert Groussbritannien sech bereet, a Palestina eng sougenannte "national Heemecht", en eegene Staat fir dat jiddescht Vollek z'erriichten. An der "Balfour-Deklaratioun" verspriechen d'Britte sech dovun Ënnerstëtzung vun zionistescher Säit a laangfristeg strategesch Avantagen.

Wéinst sengen exakte Berechnungen an de Naturwëssenschaften war de Galileo Galilei am 17. Joerhonnert verurteelt ginn. Haut virun 32 Joer gëtt en vun der réimesch-kathoulescher Kierch formell rehabilitéiert. Besser spéit wéi ni.

2008 ass de Brasilianer Felipe Massa 39 Sekonne laang Formel 1 Weltmeeschter. Du fiert de Britt Lewis Hamilton iwwer d'Arrivée, deen am leschten Tour vum Grand Prix vu Brasilien den Däitschen Timo Glock nach iwwerholl hat, a séchert sech esou mat engem Punkt Avance den Titel.

Ronn 50. Gebuertsdag haut fir de Cornell Haynes Jr. - dee Rapper deen ëmmer eng Plooschter um Bak pechen hat, de Nelly.