
© Pixabay
Fir wéi e Land stinn hannen um Auto d'Bustawen FSM? Et wunne ronn 110.000 Leit do, an hir Topleveldomain-Endung am Internet ass .fm Richteg, di Federéiert Staate vu Mikronesien. Do feiere se haut Nationalfeierdag.

© Pixabay
1906 ass zu Berlin di International Funktelegrafiekonferenz. Et gëtt festgehalen, dass den däitsche Morsecode . . . - - - . . . zum internationale Noutsignal "S.O.S." soll ginn. Et ass iwwregens keng Ofkierzung fir den Ausdrock "Save our Souls", mee villméi e Signal dat einfach aus dem allgemenge Funkverkéier erauszehéieren ass.

© Pixabay
Haut viru 70 Joer gëtt a Japan deen éischte "Godzilla" Film gewisen. De Kinnek vun de Monsteren ass tëscht 50 an 118m grouss, an ass bis haut an 33 japaneschen a 5 amerikanesche Filmer opgetrueden. Keng Film-Franchise op der Welt leeft méi laang wéi déi vum Godzilla.
En anert Monster flitt haut viru 67 Joer an de Weltall. De russeschen Hond "Laïka" ass dat éischt Liewewiesen, dat de Planéit Äerd ëmkreest an der Sputnik-2-Kapsel. De klenge Baaschtert iwwerlieft ronn 7 Stonnen, an huet zanter 2008 en eegent Monument zu Moskau.
Och haut ass rëm en Dag, op deem an den USA gewielt gouf. 1936 gëtt de Franklin D Roosevelt erëmgewielt, 1964 gewënnt de Lyndon B Johnson d'Walen, a 1992 krit de Bill Clinton di meeschte Stëmmen.
Zum Sport: 1945 gëtt de "Bomber der Nation" gebuer - de Gerhard, genannt Gerd, Müller. Bis haut steet säi Rekord vun 365 geschossene Goler an der däitscher Futtballbundesliga.
1991 gëtt den Ayrton Senna fir di 3. Kéier Formel-1-Weltmeeschter. Et sollt dem Brasilianer säi leschten Titel sinn.
Wat si seet, ass Gesetz - op d'mannst mol an der Moudewelt. 75 Joer al gëtt d'Chefredactrice vum Moudemagasinn Vogue Anna Wintour.
55 Joer al gi wier haut de Roberto Concina - italieeneschen DJ a Producer, besser bekannt als Robert Miles.
An um Enn nach deen heite klengen Opruff: sidd léif mateneen - allgemeng, net just haut um "World Kindness Day". Bësse méi Léift géif der Welt guttdoen.

© Pixabay