... 45 Joer stiermen iranesch Studenten di amerikanesch Ambassade zu Teheran, an hale wärend 444 Deeg 52 Diplomate fest. Si fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Pahlavi, deen an d'USA geflücht war.

04/11/2024 Haut virun...

Bei de Presidentschaftswalen 1952 gewënnt de fréiere Generol Dwight D Eisenhower. 1980 ka sech de fréieren Acteur Ronald Reagan géint den Jimmy Carter duerchsetzen, an 2008 gëtt de Barack Obama zum éischten afroamerikanesche President vun den USA gewielt.

1963 ass den deemolege Vizepresident Lyndon B Johnson hei zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch. Keng 3 Woche méi spéit gëtt en nom Attentat op den John F Kennedy zum neien US-Präsident ernannt.

Haut ass "Tutenchamun" Dag. Dem alägyptesche Kinnek säi Graf gëtt 1922 op deem Dag fonnt vum britteschen Archeolog Howard Carter. Opgemaach gëtt et ronn 3 Woche méi spéit - et ass quasi nach alles do, wéi et ronn 1300 v Chr. arrangéiert gi war.

Haut viru 60 Joer huet den éischte "Fantomas" Film Premiere a Frankräich. De Bandit mat der bloer Mask gëtt vum Jean Marais gespillt. 2 weider Filmer sollte nokommen. 40 Joer al gëtt haut di franséisch Pay-TV- Chaîne Canal+.

De Friddensprozess am Noen Oste geréit un d'Wackele, wéi 1995 den israeelesche Premier Jitzchak Rabin bei enger ëffentlecher Manifestatioun vun engem jiddeschen Extremist erschoss gëtt.

2016 gëtt vun der EU a vun den USA den "Accord vu Paräis" ënnerschriwwen. E Klimaschutzkontrakt, dee gutt 2 Joer méi spéit vun 195 Natioune ratifizéiert gëtt an de sougenannte Kyoto-Protokoll ersetzt.

A wien Carlo, Carla, Karel, Carole, Caroline, oder Charles oder Charel heescht, huet haut Namensdag.