E spuert Fett, Energie a léisst sech ganz einfach bedéngen. Riets geet vum Airfryer. Net fir näischt verkeeft deen Apparat sech nawell ganz gutt.

27/09/2024 Vir- an Nodeeler vum Airfryer

Par Rapport zu deenen traditionelle Friteusen an deenen d'Iesse jo reegelrecht am Fett schwëmmt, ass sou en Airfryer déi méi gesond Variant fir Iesswuere knuspreg gebak ze kréien. Firwat dat sou ass a wéi sou en Airfryer iwwerhaapt fonctionéiert, erkläert de Carlo Sauber, Enseignant an der Kichen:

"De Prinzip ass ganz einfach deen, dass a kierzter Zäit eng onwarscheinlech Hëtzt vu waarm Loft an déi Kummer geblose gëtt wou d'Iesse soll preparéiert ginn an domadder keen Zäitverloscht ass an och wéineg Energieverloscht ass well do vun Zëmmertemperatur op 300 Grad ënnerhalb vun e puer Sekonne geet."

Dat heescht, dass d'Iessen hei mat waarmer Loft frittéiert gëtt aplaz wéi gesot mam Fett. Allerdéngs ersetzt sou en Airfryer elo net komplett déi aner Apparater an der Kichen:

"Et bleift et awer net aus, dass een och e Schäffchen an der Kiche brauch well wann ee mol eng Kéier Brout baakt oder esou eppes, ass dat vläicht am Airfryer net onbedéngt elo déi richteg Aart a Weis. Wa mer elo eppes wëlle frittéieren, da bleift och d'Friteuse net aus."
 
Vun dohier sollt ee sech well am Virfeld gutt iwwerleeë wat een domadder maache wëll a wat fir Besoinen een effektiv huet. Wann een eleng doheem ass, brauch ee jo logescherweis net sou vill Plaz fir d'Iesse virzebereede wéi wann een zu enger ganzer Futtballekipp doheem wunnt.

"Deementspriechend muss een da mol d'Gréisst vum Apparat och upassen. An dann eben och kucken wéi vill Kilowatt Hëtzt e bréngt well e jo a kuerzer Zäit déi Hëtzt soll bréngen, an da muss e jo och déi Kapazitéit hunn déi deementspriechend ass. Dann ass et natierlech och de Budget. Wann een dorëmmer kucke geet da geet de Präis vun 100 Euro bis 900 Euro an d'Luucht."

Wuel ee vun deene gréissten Nodeeler, wat awer iergendwou och nees e Virdeel ass, ass d'Gréisst vum Kierfchen deen awer ëmmer méi limitéiert ass wéi déi Plaz déi een an engem Schäffchen huet. 

Alles an allem léist sech sou en Airfryer awer kannerliicht bedéngen a kann definitiv dacks den Asaz vum Schäffchen ersetzen.