
© Tom Nols
... 140 Joer gëtt an der Stad um Knuedler d'Monument vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. ageweit. Zu Den Haag an Holland steet e Monument mat enger identescher Skulptur.
1605 kënnt et zu London zum sougenannte "Gunpowder Plot" - zum Schéisspolfer-Komplott. Brittesch Katholicke wëlle wärend der Ouverture vum Parlament de protestantesche Kinnek James I., deem seng Famill, an déi ganz Regierung ermuerden. Dofir hu se am Keller vu Westminster 2.5 Tonne Schéisspolfer placéiert. D'Aktioun, déi opflitt, gëtt nach haut am ganze Land mat Freedefeier zelebréiert.
1940 gëtt de Franklin D. Roosevelt a seng Amt als amerikanesche Präsident confirméiert. Hien ass domat deen Eenzegen, deen eng drëtte Kéier gewielt gëtt - duerno gëtt e Gesetz gestëmmt, dat just nach eng Reelektioun erlaabt.
1968 ass et de Richard Nixon, dee sech knapps behaapte kann.
1996 kann den Demokrat Bill Clinton sech zwar fir eng zweet Amtszäit duerchsetzen, mee d'Republikaner hunn d'Majoritéit am Kongress.
1977 stierft de franséischen Auteur René Goscinny, deen zesumme mam Zeechner Uderzo ë.a. d'Comicfiguren Asterix a Lucky Luke erfonnt huet.
De fréieren irakeschen Diktator Saddam Hussein gëtt haut virun 18 Joer zum Dout verurteelt. Den 30. Dezember gëtt en an der Géigend vu Bagdad gehaangen.
86 Joer hätt haut de franséische Sänger Joe Dassin krit. De gebiertegen Amerikaner verkeeft ronn 25 Millioune Placken a stierft 1980 am Alter vu nëmmen 41 Joer.
83 Joer al gëtt haut den Arthur Garfunkel - déi eng Hallschent vum faméisen Duo "Simon & Garfunkel".
65. Gebuertsdag fir de kanadesche Museker Bryan Adams.
An da gëtt de Jean-Pierre Papin haut 61 Joer al.