... 22 Joer verongléckt bei Nidderaanwen e Fliger vun der Luxair. 20 vun den 22 Persounen u Bord kommen ëm d'Liewen.

06/11/2024 Haut virun...

Zu Dinant kënnt 1814 den Adolphe Sax op d'Welt. Den Erfinder vum Saxophon. Dëse gëtt an 8 verschiddene Gréisste gebaut. Donieft erfënnt hien och nach de Saxtromba, de Saxhorn an de Saxtuba.

RTL

© Pixabay

1956 protestéieren hei zu Lëtzebuerg Honnerte Leit géint d'Nidderschloe vum Ungaresche Volleksopstand. Dobäi gëtt di sowjetesch Ambassade zu Beggen gestiermt an d'Ariichtung deelweis zerstéiert.

RTL

© Pixabay

Well en an den Augustputsch zu Moskau verwéckelt war, gëtt 1991 de sowjetesche Geheimdéngscht KGB opgeléist. Seng Aufgabe ginn op zwee nei Servicer iwwerdroen, dorënner den FSB.

RTL

© Pixabay

Weltrekord 1999 zu Berlin. Den Amerikaner Bryan Berg baut en 7m71cm héicht Kaartenhaus. Et besteet aus 91.800 Kaarten, verdeelt op 131 Etagen. Entretemps huet de Berg säi Rekord op 7m86cm verbessert.

63 Joer al gëtt haut de franséische Museker Florent Pagny.

Thomas Neuwirth steet op senger Carte d'identité - weltbekannt ass en als Conchita Wurst ginn, a feiert haut de 36. Gebuertsdag.

All Gutts fir de Namensdag wënsche mir all Leo, Léon, Leonard, Léontine, Lionel, Lenny a Léini.

RTL

© Pixabay

Och op engem 6. November gouf an den USA gewielt:
1860 gëtt den Abraham Lincoln neie Präsident.
1956 ass et di 2. Victoire fir den Dwight D Eisenhower.
1984 gëtt de Ronald Reagan a sengem Amt confirméiert.
2012 freet sech de Barack Obama iwwert seng Reelektioun.