
© afp
An de leschte Joren hunn esougenannten Neobanken, ewéi Revolut oder N26, d’Finanzwelt revolutionéiert. Neobanke funktionéiere komplett digitaliséiert. Si bidden hir Déngschtleeschtungen online a via App un, an hunn deemno och guer keng physesch Agencen. Wat sinn d’Vir- an d’Nodeeler vun Neobanken? Ginn et Risiken? A wéi vill ginn Neobanken hei zu Lëtzebuerg genotzt? De Chris Reuter hat de Bob Muller (CFA, Head of Department – Banking Supervision) vun der CSSF am Interview.
Fonctionnement
An Europa gëllt: Wie sech "Bank" nennt, muss eng Bankelizenz vun der Europäescher Zentralbank an de lokalen Autoritéien hunn – och Neobanken. Revolut huet zum Beispill en Agrement a Litauen, plus eben d’Lizenz vun der EZB. Neobanken hunn an deene leschte Joer extrem vill Clienten dozou gewonnen – duerch Corona an allen Altersklassen, duerch hiren aggressive Marketing virun allem Jonker.
Bob Muller (CSSF): "Déi 18-järeg vun haut, oder déi vu muer, sinn alles tech-affin Leit. Dat si Leit déi gewinnt sinn mat Apps online ze sinn. Dofir ginn Neobanken natierlech vill an d’Sozial Medien oder si huelen sech Sportsikonen als Partner, wat jo och meeschtens erëm e jonke Public uschwätzt."
Vill Neobanke ware virdru FinTechs, also Tech-Entreprisen. Mat där Basis hunn si e Produit entwéckelt, oft en Nische-Produit. Bei Revolut ass dat zum Beispill d’Multi Currency Card. D’Kaart ass immens beléift bei Leit déi vill reesen, well een domat immens bëlleg un all Zort vun Devisë kënnt.
Bob Muller (CSSF): "Si hunn dee Produit an hirer App technologesch enorm gutt entwéckelt a konnten deen dann ebe mat ganz bëllege Käschten ubidden. Vill méi bëlleg a vill méi competitiv wéi eng traditionell Bank, déi vill méi komplex Fonctionnementer hannendrun huet, well se einfach méi Produiten ubitt."
Positioun um Marché
Neobanken hunn an der Finanzwelt eng richteg Dynamik ausgeléist. Si bauen Dag fir Dag hir Positioun um Marché aus a pushen d'Bankwiesen ëmmer méi an den Online-Secteur. Traditionell Banken zéien no a bauen an hirem Reseau zum Beispill autonom Online-Banke mat eegenem Branding op. Bei der Londoner HSBC ass et First Direct. Och wann si enorm séier wuessen an eng grouss Konkurrenz sinn, hätten d’FinTechs realiséiert, dass si traditionell Banken net esou einfach kéinte vum Marché verdreiwen. Dofir ginn si ëmmer méi Partenariater mat etabléierte Banken an.
Bob Muller (CSSF): "Déi traditionell Bank ka vun engem Nische-Produit besser profitéieren, well en einfach méi bëlleg kann un de Client erubruecht ginn. D’FinTech kann natierlech enorm vum Reseau de distribution vun der etabléierter Bank profitéieren."
Neobanken zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerger setze generell manner op Neobanken. Den Trend geet awer lues a lues erop. Ee Beispill: Nodeems d’ING am Mee vun dësem Joer hir Retail-Banking-Servicer agestallt hat, huet Revolut hei am Land 30% méi Inscriptioune verbucht. Domat huet d’Neobank elo eng 60.000 Clienten hei zu Lëtzebuerg.
Virdeeler
Vill Neobanke ware virdrun Tech-Entreprisen. Si hunn ee bestëmmte Produit technologesch extrem gutt entwéckelt an en duerno vill méi bëlleg ewéi traditionell Banken op de Marché bruecht. Doduerch weess ee ganz genee wéi ee Produit déi eenzel Neobanke gutt kënnen a bëlleg ubidden. E weidere Virdeel ass déi accessibel User-Experience.
Bob Muller (CSSF): "Déi ganz Relatioun mam Client ass total digitaliséiert an ass esou gemaach, dass de Client sech extrem einfach erëmfënnt. Par Rapport zu méi traditionelle Bankenhaiser, déi et, duerch d’Komplexitéit vun de Produiten déi si ubidden, net ëmmer esou einfach hunn, fir déi User-Experience un de Client erunzebréngen."
Nodeeler
Dass Neobanken net physesch present sinn, ass gläichzäiteg ee vun hire gréissten Defiziter. Vill Ubidder hunn net nëmme keng physesch Presenz, mee oft emol och guer keng Telefonshotline. D’Kommunikatioun leeft dann iwwer Chat-Funktiounen mat automatiséierten Chat-Bots.
Bob Muller (CSSF): "Wann eppes bei enger Buchung falsch gelaf ass oder mäi Kont komesch Beweegungen hat, an ech net relativ schnell eng Persoun op den Telefon kréien, déi mir dat erkläert, da kann ee schonn emol e bësse panikéieren. D’ass jo net just e Pak dee verluer gaangen ass, hei schwätze mir da wierklech vu mengem Kont."
Wéinst dem FinTech-Background bidden Neobanken oft nëmmen ee Signature-Produit un. Dat bréngt mat sech, dass eng Neobank seelen engem seng eenzeg Bank ka sinn. Wëll een zum Beispill investéieren oder Sue léinen, brauch een oft eng zousätzlech traditionell Bank.
Bob Muller (CSSF): "Wann ech elo mäi Liewenszyklus kucken: Mat 18 Joer brauch ech vläicht einfach just e Compte de Payement. Iergendwann eng Kéier wëll ech mir awer en Auto finanzéieren oder investéieren. Déi mannsten Neobanken kënnen déi ganz Panoplie u Bankeproduiten ubidden a mech, wéi traditionell Banken, wierklech duerch mäi ganzt Liewe begleeden."
Nëmmen en eestellege Prozentsaz vun Neobank-User gëtt un, dass eng Neobank hir eenzeg Bank ass.
Risiken
Ier een sech op e Kontrakt mat enger Neobank aléisst, soll een sech informéieren. Wou huet d’Neobank hire Sëtz? Huet d’Entitéit iwwerhaapt eng Bankelizenz vun der EZB an der lokaler Autoritéit? Wéi ee Produit kréien ech ugebueden an ass et dee richtege fir mech? Leit déi e finanzielle Background hunn, kënne sech och d’Rapporte vun enger Neobank ukucken.
Bob Muller (CSSF): "Do schwätze mir vum Pilier 3 Rapport, deen eng Bank muss verëffentlechen. Do steet dran wéi solvabel a profitabel déi Bank iwwerhaapt ass. Oft geet een ze liichtfankeg domat ëm. A mir schwätze jo awer trotz allem vun engem sengem Geld."
Wann een alleguer déi Checks gemaach a sech fir eng Neobank entscheet huet, muss ee sech trotzdeem e puer Risike bewosst sinn. Huele mir d’Beispill vu Revolut. D’Neobank huet hire Sëtz u sech an England. Fir hir Servicer an Europa unzebidden, agéiert Revolut awer aus Litauen.
Bob Muller (CSSF): "D’ass eng litauesch Bank. Si ass vun der litauescher Autoritéit zesumme mat der EZB iwwerwaacht. Dat bedeit net, dass dat méi schlecht oder besser ass, wéi wann se zu Lëtzebuerg wier. Et bedeit fir mech als Client awer, dass ech e Kontrakt mat enger litauescher Entreprise hunn."
Wann een als lëtzebuergesche Revolut-Client deemno Reklamatiounen huet oder Litigen optauchen, kann ee sech net un d’CSSF wenden, mee et muss een déi litauesch Autoritéite kontaktéieren. Dat ka verschidde Barriäre mat sech bréngen.
Bob Muller (CSSF): "Dat ka sinn, dass een d’Sprooch net beherrscht an een d’Kommunikatioun op Englesch maache muss, obwuel ee vläicht net gutt Englesch kann. Et gi juristesch Punkten déi ee vläicht net direkt weess. Dat heescht et muss ee sech dohannen eventuell juristesch Kompetenz akafe goen. Wann een um Internet agéiert, agéiert een eben net onbedéngt lokal."
Neobanke wuesse schnell an hir jonk Entrepreneuren hunn e groussen Appetit vum Risiko. Etabléiert an traditionell Banke wëllen éischter hiren Numm behalen a ginn dofir net esou vill Risiko. Op béide Säite ginn et gudder a schlechter. Ier een eng Decisioun hëlt, soll ee sech mat de Banke befaassen a verstoen, wat dohannert stécht.