... 145 Joer kënnt de russesche Politiker a Revolutionär Leo Trotzki op d'Welt. Op den Dag 38 Joer méi spéit, 1917, fänkt di russesch Oktoberrevolutioun un, déi hien ënnert der Leedung vum Lenin matorganiséiert, fir d'Bolschewiki un d'Muecht ze kréien.

07/11/2024 Haut virun...

1929 geet zu New York City de MoMA op - de "Museum of Modern Art", deen haut ee vun de meeschtbesichte Konschtmuséeën op der Welt ass.

Dodran ass warscheinlech net ze gesinn, wat haut viru 67 Joer zu Zwickau presentéiert gëtt. Mam Trabant Modell P50 leeft den éischten "Trabi" vum Band.

RTL

© Pixabay

Presidentschaftswalen an den USA:
1944 gëtt de Franklin D Roosevelt erëmgewielt an ass domat deen eenzegen, dee fir eng 4. Amtszäit untrëtt.
1972 gëtt de Richard Nixon am Wäissen Haus confirméiert.
2000 gewënnt den George W Bush. Seng Victoire géint den Al Gore gëtt réischt e Mount méi spéit vun engem Geriicht bestätegt, a bleift bis haut ëmstridden.

RTL

© Pixabay

1991 Opreegung an der NBA: de Basketballstar Magic Johnson seet op enger Pressekonferenz, dass hien sech mat HIV infizéiert huet, a vum Profisport zrécktrëtt.

1994 léiert di ganz Welt de schweedesche Museksprojet Rednex kennen. Mat hirem Lidd "Cotton Eye Joe" klamme se op Plaz 1 vun den däitschen Charts, a bleiwen do bis an dat neit Joer eran.

1967 kommen 2 bekannte Museker op d'Welt - eemol de franséischen DJ a Producer David Guetta, an d'Sharleen Spiteri, Sängerin vun der Grupp Texas.

An "The King of Cool" verléisst eis 1980 - den amerikaneschen Acteur mat den déifbloen Aen Steve McQueen.