... 129 Joer entdeckt de Wilhelm Conrad Röntgen di sougenannten "X-Stralen", a krit spéider dofir de Nobelpräis an der Physik. Seng Röntgestrale revolutionéieren d'Medezin an droen zur Erfuerschung vun der Radioaktivitéit bäi.

08/11/2024 Haut virun...
RTL

© Pixabay

Den Abraham Lincoln gëtt 1864 als US-Präsident erëmgewielt.

Wärend der Grousser Depressioun gewënnt 1932 de Franklin D Roosevelt.
1960 kann den John F Kennedy sech duerchsetzen a gëtt zum bis haut zweetjéngste Präsident.
Den George Bush sr. gëtt 1988 gewielt, an 2016 setzt sech den Donald Trump duerch.

1939 kommen zu München am Bürgerbräukeller 8 Mënschen ëm d'Liewen, wéi eng Bomm explodéiert. Si hat der Féierung vun der NSDAP gegollt. Den Hitler a seng Leit haten d'Lokal leider 13 Minutten ze fréi verlooss.

RTL

© Pixabay

1962 ginn an der Belsch offiziell Sproochgrenze festgeluecht. Eng Kommissioun decidéiert, dass Flandern, d'Wallonie an Däitschbelgien an eesproocheg Gebidder agedeelt ginn.

1971 kënnt dee véierten Album vun der Rockband Led Zeppelin eraus. En wäert sech méi wéi 37 Millioune mol verkafen. Gréissten Hit op der Plack ass "Stairway to Heaven".

1989 wëllt sech di kleng Gemeng Rüterberg vun der DDR ofsplécken a sech an eng Duerfrepublik mat eegene Gesetzer ëmforméieren. D'Bewunner sinn unanime dofir an deposéieren di néideg Dokumenter. Aus deem Plang gëtt awer näischt méi, well den Dag drop zu Berlin d'Mauer opgeet.

Dëse Summer ass en vun eis gaangen - den Alain Delon wier haut 89 Joer al ginn.

1970 allebéid op d'Welt komm sinn den Acteur Matt Damon an di jamaikanesch Sängerin Diana King.

An 42. Gebuertsdag haut fir den australesche Museker Sam Sparro.

A mir gratuléieren all Michel, Mika, Michail, Miguel, Mike, Mick, Micha... si hunn haut Namensdag.