... 35 Joer geet zu Berlin d'Mauer op. Et ass den Ufank vum Enn vum sougenannten Ostblock. Iwwerhaapt ass de 9. November den Däitschen hire "Schicksalstag".

09/11/2024 Haut virun...

1918 gëtt dem Kinnek a Keeser Wilhelm II. seng Ofdankung proklaméiert, an di däitsch (sougenannte Weimarer) Republik ausgeruff.

1923 soll des gestierzt ginn zu Gonschte vun de Nationalsozialisten. Den Hitler-Ludendorff-Putsch zu München gëtt awer bluddeg néiergeschloen.

1938 kënnt et zur "Reichskristallnacht". A ganz Däitschland sinn et organiséiert Iwwergrëffer op jiddesch Ariichtungen. Police a Pompjeeë sinn ugewisen, nëmmen däitsche Besëtz ze schützen.

Dee Saz geet 1989 ëm d'Welt, nodeems den Informatiounssekretär Günter Schabowski op enger Pressekonferenz erausgëtt, dass et eng nei Reegelung fir Auslandsreese gëtt. Dausenden DDR-Bierger rennen op d'Grenzen, a suerge sou dofir dass d'Mauer ongeplangt opgeet.

De Jean Monnet gëtt 1888 zu Cognac gebuer.  De franséische Politiker huet zesumme mam Robert Schuman d'CECA lancéiert a war den éischte President vun der Héijer Autoritéit.

1970 stierft um 9. November de franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle.

73 Joer al gëtt de Lou Ferrigno. Den amerikaneschen Acteur a Bodybuilder gëtt weltbekannt an der Roll vum "The Incredible Hulk". De Ferrigno war dem Michael Jackson säi leschte Fitnesstrainer virun deem sengem Doud.

RTL

© Pixabay

1965 fält am Nordoste vun den USA de Stroum aus. A 7 Bundesstaaten, an och an Deeler vu Kanada, si ronn 30 Millioune Leit bis zu 12 Stonnen ouni Elektresch. Wëll Theorien behaapten, de Grond wier eng UFO-Attack gewiescht. Genee sou falsch ass d'Behaaptung, dass 9 Méint méi spéit vill méi Kanner op d'Welt komm wieren.

Am Bosniekrich fält 1993 di berüümte Bréck vu Mostar an e Koup. Mat internationaler Hëllef ka se rekonstruéiert an 2004 rëm opgemaach ginn an ass Deel vum UNESCO-Weltkulturierwen.

RTL

© Pixabay

A wann dir eng gutt Iddi hutt, dann ass haut den Dag fir eppes draus ze maachen, well haut ass den europäeschen Dag vun den Erfinder.