
© Philharmonie_Ines Rebelo de Andrade
Schnell um Büro iessen an niewebäi nach op Mailen äntweren? Léiwer net. D'Mëttespaus kann een och fir sech selwer notzen a mol kuerz aus dem Alldag flüchten. Iwwert déi nächst Woche presentéiere mir Iech verschidden Aktivitéite fir d'Mëttespaus! Dës Kéier: Yoga at the Phil.
Zanter 2021 bitt déi lëtzebuergesch Pianistin Cathy Krier d’Serie "Yoga at the Phil" an der Philharmonie un. Dofir schafft si mam Yogaloft zesummen. "Yoga at the Phil" ass eng Kombinatioun aus Yoga a klassescher Musek. Eng Session dauert 80 Minutten a fänkt ëmmer mat enger klenger Introductioun un.
Cathy Krier, Pianistin: "My partner and I explain the music that we’ll play. We also play a short part."
Duerno kënnt de Yoga-Deel, deen esouwuel fir Ufänger ewéi och fir méi Erfuerener geduecht ass. Um Programm sti Yoga Flow a Yin Yoga.
Amelie Kuylenstierna, Yogaloft: "Yoga Flow is a little more dynamic. Yin Yoga is a more calm type of yoga, where you stay in each pose for a long time. There’s not a lot of movement. Both types of yoga help you to come into the moment and let go of the day."
Wärend der finaler Entspanungsphas "Shavasana", spillt d’Cathy Krier da mat sengem Ensembel dat ganzt Wierk.

© Philharmonie_Ines Rebelo de Andrade
A Kombinatioun mam Yoga kéint een d’Musek ganz anescht erliewen, seet d’Yoga-Coach. "Yoga at the Phil" wier ausserdeem eng gutt Méiglechkeet, fir Musek-Begeeschterter u Yoga erunzeféieren an ëmgedréint. Fir déi nächst Sessions huet d’Cathy Krier d’Komponiste Franz Schubert a Gabriel Fauré ausgewielt.
Cathy Krier, Pianistin: "At the end of the season, the last one, will be more special. We will do Feldman, which is a great composer of the 20th century. He does minimalism at its best. So that will be a nice try out too."
Déi nächst "Yoga at the Phil"-Sessions si mëttwochs den 12. Dezember – wärend der Mëttespaus, no der Aarbecht an owes.

© Philharmonie_Ines Rebelo de Andrade