"Meng Mamm wollt mech net méi doheem. Firwat hunn ech haut nach net verstanen"
Der Maisy Millim hir Mamm ass fréi gestuerwen an hirem Papp seng néi Fra wollt mat engem Meedche mat Handicap net liewen.
D'Maisy koum mat 9 Joer op Betzder a wunnt haut - 63 Joer drop - nach ëmmer an engem Haus vun Elisabeth Handicap. De Moment am "Haus am Klouschter" zu Munneref. Mëttlerweil ass Maisy pensionéiert, huet awer e Groussdeel vum hirem Liewen am Seefenatelier zu Betzder geschafft.
De Partrick Durem ass mat 5 Joer vu senger Mamm op Betzder geschéckt ginn. Hien huet Epilepsie an ADS. Kee Grond awer fir de Partrick, net lues a lues onofhängeg ze ginn. No der Schoul huet de Partrick zu Betzder an der Gäertnerei ugefaangen a lieft an engem neie Projet vu betreitem Wunnen. Fir de Patrick huet all Mënsch seng Stäerkten a Schwächen. Hie mech dat Bescht aus sengem Liewen.
De ganze Reportage gesidd Dir de Sonndeg um 19 Auer op der Tëlee an duerno och hei am Replay.









