Rezepter fir Nuddelen ginn et der wéi Sand um Mier. Effektiv kann een d'Nuddel mat sou zimmlech allem kombinéieren an dat mécht dëst Liewensmëttel och sou interessant. Ma als Basis ass et fir d'éischt mol d'Nuddel selwer déi muss gutt sinn. Wat dat heescht, hu mir respektiv d'Nicky Soisson fir Iech nogesicht.

25/10/2024 Wat mécht eng gutt Nuddel aus

Eng Nuddel besteet bekannterweis aus Miel respektiv Schmull, Waasser an e bëssi Salz. A wie wëll, kann och nach Eeër dra maachen. Nuddele maachen, schéngt deemno keen Hokus Pokus ze sinn. An awer kënnt et op d'Matière première respektiv dat richtegt Miel un. An do ass et dem Dario Battestini vu Maxim Pasta no esou, dass et hei am Land schwiereg bis onméiglech ass, Miel vu gudder Qualitéit fir déi perfekt Nuddelen ze kréien.

Firwat ass dat esou? Ma well d'Meteo et einfach net erlaabt hei gutt Schmull unzebauen. Fir dass Schmull gutt wiisst, brauch et e waarmt Klima an donieft och nach e Buedem mat vill Mineralie wat hei net ginn ass.

Dann ass och nach déi Saach mat den Eeër. Dat ass net nëmmen eng Saach vum Goût wéi vläicht vill Leit unhuelen?

Nuddele mat Eeër solle méi héichwäerteg well do och Proteinnen dra wieren déi dann dofir suergen, dass ee méi laang sat bleift wéi mat Nuddelen ouni Eeër. Donieft solle Nuddele mat Eeër och einfach méi schéin am Dëppen ze kucke sinn, dat duerch hier méi gielzeg Faarf.

Eng gutt Nuddel soll een dann och un hirer Uewerfläch erkennen. Effektiv soll eng héichwäerteg Nuddel reegelméisseg geformt sinn, gutt richen an och keng Loftlächer am Deeg opweisen. An dann ass et och esou, dass Nuddelen déi glat si beim Kachen net sou séier Waasser opsaugen. An anere Wieder bleiwe schéi glat Nuddelen och no laangem Kachen normalerweis méi bëssfest wéi déi mat enger rauer Uewerfläch. Allerdéngs gëtt et do och en Nodeel an zwar deen, dass d'Zooss net sou gutt peche bleift.

Et heescht deemno sech d'Nuddele mol méi genee unzekucke wann Dir am Rayon stitt an net wësst fir wéi eng Marque Dir Iech entscheede sollt.