Déi meescht vun eis kennen de Fernand Fox, alias Fox‘e Fern aus Tëleesreklammen. Seng Passioun awer war den Theater. D‘Geleeënheet op de Brieder déi d‘Welt bedeiten, ze stoen, krut hien 1956 am Alter vun 22 Joer.

01/11/2024 In Pace: Fernand Fox

Säi Patron deemools, d‘Interbank, huet fir hiren 100. Gebuertsdag ze feieren hir Beamten optriede gelooss. An enger grousser Revue, ze gesinn am Stater Casino. Am Public och den Eugène Heinen, deen dem Fernand Fox säin Talent erkannt huet. Doropshin huet de Fern 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.

De Fernand Fox stoung a Revuen an an Theaterstécker op der Bün. Dass de Fernand Fox net ëmmer fréi doheem war, hat nach en anere Grond. Den Intendant a Regisseur Frank Hoffmann erënnert sech...

10 Joer laang war den Acteur Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.

De Fernand Fox huet sech ëmmer e bëssi driwwer opgereegt, dass hie fir Joerzéngten Aarbecht am Theater manner bekannt war wéi fir déi Pupen. Et sief well wat bleift, ass d'Unerkennung fir dem Foxe Fern seng gréisste Leeschtung déi et war béides ze kënnen. De Fernand Fox war e Spagatkënschtler. Dat och op der grousser Leinwand. Den Andy Bausch huet bal kee Film ouni hie gedréint. Zu lescht war hien ze gesinn am "Rusty Boys". Ausgezeechent gouf en ënnert anerem fir deng Roll als Jakob am Kuerzfilm "Lingo Vino" an d'Desiree Nosbusch huet en Documentaire iwwert e gedréint, mam Titel "Succès Fox".

De 26. Januar 1934 ass de Fernand Fox zu Bollendorf-Bréck op d’Welt komm an den 23. September dëst Joer ass de Rideau fir hien eng leschte Kéier zougaangen. Den Applaus awer wäert net ophalen.