Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Connecticut

21/09/2024 Vun Alabama op Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Connecticut)

CONNECTICUT
Awunner: 3,6 Milliounen
Haaptstad: Hartford
Spëtznumm: The Constitution State, The Nutmeg State

De Spëtznumm "The Nutmeg State" huet seng Originnen am 18. an 19. Joerhonnert, ewéi Seegler exotesch Gewürzer vun hire Reesen an de Connecticut importéiert hunn. D’Gewürzer, dorënner och Muskatnoss, ware wéinst dem besonnesche Goût immens beléift a si fir en deiere Präis iwwert den Dësch gaangen. Skrupellos Händler hunn ugefaange kleng Stécker Holz an d’Form vun enger Muskatnoss ze schnitzen an dës un anungslos Clienten ze verkafen. Zanterhier gëlle Leit aus dem Connecticut als erfinderësch a clever, genee esou wéi seng Muskatnoss-Händler.

Zu New Haven am Connecticut ass mat der Yale University eng vun de renomméiertsten an aflossräichsten Universitéite vun der Welt. 65 Nobelpräisdréier hunn un der Yale University studéiert, ënnerriicht oder geschafft. Zu den Absolventen zielen ënnert anerem fënnef spéider US-Presidenten, dorënner de Bill Clinton an den George W. Bush.

Connecticut huet och iergendwéi eng Verbindung mat Lëtzebuerg. E gewëssenen Charles Nelson Goodyear gouf 1800 nämlech zu New Haven gebuer. De Fuerscher, Erfinder a Chemiker huet zu senger Zäit vill mat Kautschuk experimentéiert, deen awer bei Hëtzt ëmmer mëll a pescheg, bei Keelt brécheg war. Duerch e wëssenschaftlechen Zoufall hat de Goodyear dunn awer deen neie Stoff Gummi an d’Vulkaniséierung entdeckt. 1898 grënnen d’Gebridder Seiberling eng Tire & Rubber Company a benennen se nom Charles Goodyear.

Michael Bolton
Dem Michael Bolton seng gréissten Erfolleger waren d’US-Nummer-Eent-Hits "How Am I Supposed to Live Without You" a "When a Man Loves a Women", fir déi hien och zwee Grammys gewonnen huet. Hie stoung ënnert anerem mat Museker-Gréissten ewéi Plácido Domingo, Ray Charles oder B. B. King op der Bün. 1997 hiet hien den Titel-Song vum Disney-Animatiounsfilm "Hercules" gesongen a gouf dofir fir en Oscar nominéiert. De Bolton huet och als Songwriter fir aner Kënschtler geschafft, zum Beispill fir d’Barbra Streisand, KISS oder Bob Dylan.