Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Delaware.

22/09/2024 Vun Alabama op Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Delaware)

DELAWARE
Awunner: 1 Millioun
Haaptstad: Dover
Spëtznumm: The First State

Delaware heescht och nach "The First State", well en de 7. Dezember 1787 als éischte Staat vun den dräizeng fréiere brittesche Kolonien déi nei Constitutioun vun den USA ratifizéiert huet. Och wann am Delaware Sklave gehale goufen, stoung den US-Bundesstaat wärend dem Amerikanesche Biergerkrich op der Säit vun den Nordstaaten. Duerno hat et awer nach zimmlech laang gedauert, bis Delaware den 13. Zousaz-Artikel vun der US-Verfassung ugeholl huet, deen d’Ofschafung vun der Sklaverei virgesäit. 1967 huet Delaware och zu deene leschte Staate gehéiert, déi duerch den ieweschte Geriichtshaff dozou gezwonge goufen, d’Verbuet vun der Mischehe opzehiewen.

Vun 1973 bis 2009 representéiert den aktuellen US-President Joe Biden Delaware am Senat. Gebuer gouf hien am Fong am Pennsylvania, ass 1953 awer mat senger Famill an den Nopesch-Staat geplënnert. E puer Wochen nodeems hien déi éischte Kéier als Senator gewielt gouf, muss de Biden e Schicksalsschlag verkraften. Seng deemoleg Fra Neilie a seng Duechter Naomi, dat eréischt ee Joer al war, komme bei engem Autosaccident ëm d’Liewen. Seng Bouwen Beau an Hunter iwwerliewen d’Kollisioun. Et wier bal d’Enn vum Joe Biden senger politescher Karriär gewiescht, mee säi laangjärege Politiker-Kolleeg Mike Mansfield huet hien iwwerzeegt weiderzemaachen. No senger Zäit als Vize-President ënnert dem Barack Obama, ass de Biden 2021 dee 46. President vun den USA ginn.

Bei Entreprisen ass Delaware als Steierparadäis bekannt. Iwwer d’Hallschent vun de Boîten déi un der New Yorker Bourse notéiert sinn, an iwwer 300 vun de 500 wäertvollsten amerikanesche Firmen hunn hire Sëtz am Delaware.

Jimmie Allen
Den Jimmie Allen ass en amerikanesche Country-Museker, dee virun allem duerch seng Lidder "Best Shot" a "Make Me Want To" bekannt ginn ass. 2011 hat hien et bei der Casting Show "American Idol" probéiert, war awer fréi erausgeflunn. Trotzdeem hat d’Participatioun him eppes bruecht, well hien déi spéider Gewënnerin Scotty McCreery kennegeléiert huet. Nom Release vum Allen sengem Debut-Album huet d’McCreery de Museker mat op Tour geholl an him esou d’Dier an de Musek-Business opgemaach.