Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Florida.

23/09/2024 Vun Alabama op Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Florida)

FLORIDA
Awunner: 22,6 Milliounen
Haaptstad: Tallahassee
Spëtznumm: Sunshine State

Wann ee "Florida" héiert, ass Miami sécherlech déi éischt Stad déi engem an de Kapp kënnt. Awer weder Miami, nach déi aner méi bekannt Stied Orlando oder Tampa, sinn d’Haapstad vu Florida. Dat ass d’Studente-Stad Tallahassee am Norde vum Bundesstaat. Déi bevëlkerungsräichst Stad ass mat knapps enger Millioun Awunner iwweregens Jacksonville.

Am Süde vu Florida sinn déi berüümt Everglades, déi sech am Ganzen iwwer 20.000 Quadratkilometer erstrecken. Am tropesche Fiichtgebitt ass de 6.000 Quadratkilometer groussen Everglades National Park. 1979 huet d’UNESCO d’Everglades zum Weltnaturierwen erkläert. An den Everglades herrscht eng enorm Aartevillfalt, zum Beispill sinn déi eenzeg wëll Flamingoen aus den USA do doheem. Et ass ausserdeem déi eenzeg Regioun op der Welt, wou esouwuel Alligatoren ewéi och Krokodiller liewen. Heemesch ass och de bekannte Florida-Puma, deen awer vum Ausstierwe bedrot ass, de Bestand läit just nach bei 80 bis 100 Déieren. Zanter 2010 steet den Everglades National Park wéinst der wuessender Ëmweltverschmotzung an de mënschlechen Afloss op de Waasserhaushalt op der Lëscht vun de gefäerdete Welt-Ierwen.

De Sunshine State ass och nach bekannt fir Cape Canaveral, vu wou aus zanter 1950 Rakéite starten. Florida gëllt ausserdeem als Epizentrum vun de Fräizäit-Parken. Besonnesch stécht natierlech déi legendär Walt Disney World eraus, déi all Joer Millioune Visiteuren unzitt.

Tom Petty
Well säi Monni um Set vum Film "Follow That Dream" geschafft huet, hat den Tom Petty mat 10 Joer d’Chance den Elvis Presley perséinlech ze treffen. De Petty huet dëst Treffe spéider als "Offenbarung" bezeechent, déi hien dozou inspiréiert huet selwer Musek ze maachen. Mat Tom Petty & the Heartbreakers a senger Solo-Musek ass de Kënschtler als ee vun de smoothesten a coolste Museker an d’Rock-Geschicht agaangen. Zu de groussen Hits zielen ënnert anerem "Free Fallin’" oder "American Girl".