Nuddele gehéieren zu deene beléiftste Liewensmëttel. Op mannst fir déi meescht vun eis. Mee wéi vill wësse mir iwwert Pasta? Bestëmmt net genuch. Dowéinst huet mir hei direkt e puer liewesnoutwenneg Fakte ronderëm d'Nuddele fir Iech.

25/10/2024 8 Fakte ronderëm d'Nuddelen

Eleng bei eisen däitschen Nopere goufe lescht Joer ronn 618 000 Tonne Pasta giess. Dat sinn ongeféier 7,5 Kilo op de Kapp. An Italie waren et souguer bal 909 000 Tonnen. Also am Duerchschnëtt 15 Kilo Nuddele pro Italiener am Joer an domadder, wie wonnert et, den héchste Konsum pro Kapp an dat weltwäit. Et ginn awer och nach eng ganz Rutsch aner Facts ronderëm eis beléiften Nuddelen.

Ugefaangen domadder, dass et eng International Pasta-Organisatioun gëtt déi hire Sëtz zu Roum huet.
Gegrënnt gouf dës de 25. Oktober 2005, also haut um Welt-Nuddeldag virun 19 Joer. An dëser Internationaler Pasta Organisatioun no ginn et am ganze 600 verschidden Zorten Nuddelen.

Un der Schreifweis vun de Nuddelen erkennt ee wéi se ausgesinn. Wa se mat -elle ophält, ass d'Pasta breet, mat -oni ass se grouss, mat -ette schmuel a mat ine/ini ganz schmuel.

Den 1. Abrëll 1957 huet BBC fir e grousse Pasta-Prank gesuergt. Si hunn e Bäitrag iwwert eng vermeintlech Recolte vu Spaghetti gewisen. Am Reportage goufen also Nuddelen  gepléckt. Wat u sech als witzegen Abrëllsgeck geduecht war, huet vill Spectateure perturbéiert. Kuerz no der Diffusioun goufen et honnerte vun Uriff well Leit dës Spaghetti-Planze kafe wollten. Wier jo u sech och praktesch...wann er da sou wier.

Nuddelen "al dente" kachen, ass net vu Muttwëll. Effektiv, well sou maache se anscheinend och méi laang sat well d'Verdauung méi laang dauert. Op Lëtzebuergesch heescht "al dente" iwwregens "fir d'Zänn".

Et gëtt och eng Nuddel déi gutt ass fir de Regimm. Dës soll keng séier verwäertbar Kuelenhydrater liwweren: D'Shirataki-Nuddel aus Japan. Se gesäit aus wéi eng Glasnuddel a besteet bal nëmmen aus Waasser an aus Konjak-Miel dat vill Ballaststoffer huet. Doduerch huet d'Shirataki-Nuddel nëmme 5 Kalorie pro 100 Gramm, dat sin 345 Kalorie manner wéi eng gängeg Nuddel wéi mir se kennen.

Fangere wech vum Ueleg! Fir dass d'Nuddelen net zesumme pechen, schëdde vill Leit e bëssi Olivenueleg an d'Waasser. Allerdéngs hënnert dat dono d'Zooss dru richteg anzezéien. Dat gëllt iwwregens och fir d'Ofschrecke mat kalem Waasser. Doduerch gëtt nämlech Stäerkt fräi gesat an d'Zooss kann dann eben och net méi sou gutt vun den Nuddelen opgeholl ginn.

Nuddelen ësst een dann och léiwer net Mëttes. Wëssenschaftler hunn nämlech erausfonnt, dass Pasta Afloss op d'Zellen am Kierper hunn déi de Schlof reguléieren. An dowéinst kënnen dës midd maachen. Allerdéngs kann een deem entgéint wierken andeems een d'Nuddele mat Eewäiss kombinéiert wéi zum Beispill Fësch oder Fleesch. Ma och op fetteg oder schwéier Zooss sollt ee logescherweis léiwer verzichte wann een dono net onbedéngt anhänke wëllt.