
© afp
D’Carine Lemmer kuckt op den éisträicheschen Entrepreneur a Society-Mënsch zréck...
De Richard Lugner war e Selfmade-Man, deen an Eisträich d’Wirtschaft, mä och dat gesellschaftlecht Liewe markéiert huet wéi kaum en aneren. An den 90er Joren gouf hie mat vill Klaatsch an Traatsch zur Mediefigur an huet zanterdeem mat engem prominente Gaascht um Wiener Opernball iwwerrascht.
Politesch Ambitiounen hat en och: hie wollt Bundespresident ginn. Krut 1998 souguer bal 10% vun de Stëmmen.
De Richard Lugner war awer u sech Ingenieur, huet vill a gäre geschafft an huet mat 30 Joer seng eege Baufirma gegrënnt. Bekannt gouf hien, wéi en déi éischt Moschee zu Wien gebaut huet...
CUT 1
1990 huet hie säin Akaafszenter zu Wien opgemaach, d’»Lugner City». Vill haten der him ofgeroden, sou en Zenter opzemaachen. Hien huet a säi Shoppingzenter gäre prominent Leit invitéiert, fir Clienten unzezéien...
CUT 2
D’Vollek ënnerhalen wollt hien och als Sänger, Schauspiller an Entertainer. Hien hat seng eege Realityshow. An hat kee Problem dermat als «Kasperl» bezeechent ze ginn...
CUT 3
De Richard Lugner war am Ganze 6 Mol bestuet. «Mausi», «Hasi», «Bambi» oder «Spatzi»...all senge Fraen huet de «Mörtel» - wéi hie gäre genannt gouf - Spëtznimm aus der Déierewelt ginn. Seng lescht Hochzäit mam «Bienchen» war eréischt am Juni dëst Joer...
CUT 4