Waren et fréier Pudding oder Kompott, e Kuch oder eng Bûche, héiert een exquisit Nimm wéi Macaron, Cupcake oder Bubble-Waffelen, fir elo déi ze nennen. Wat ass drun, datt den Dessert e Wandel matgemaach soll hunn? Mir hunn nogefrot bei der Patisserie Oberweis an de Jeff Oberweis preziséiert direkt, datt elo net direkt d'Virléifte geännert hunn, ma éischter d'Tendenzen.

29/10/2024 Den Dessert am Wandel vun der Zäit

Eng Crème ass et nach ëmmer ginn, e Pudding ass et nach ëmmer ginn, mee eng Crème ass awer och e Basis-Rezept fir aner Crèmen, wéi zum Beispill bei engem St. Honoré. An engem St. Honoré ass an de Chou eng Crème, an ënnen ass eng Crème pâtissière, déi allegéiert ass mat Schlagsan an da kënnt uewen drop mat Schlagsan drop. An dann e grousse Klassiker vun der Pâtisserie, dee jidderee kennt also mol bei eis, dat ass den Dacquois. Och deen ass e Mandelsbiscuit mat Eewäiss. An dann ass awer d'Crème ass och Basis alt erëm, eng Crème pâtissière.

Dat gëllt net just fir d'Crème, mä och fir de Kompott, deen an immens villen Desserten ze fannen ass, och wann se dann anescht heeschen.
 Mir maachen all Dag Kompott. Wou fannt Der elo de Kompott? Ma de Kompott, als éischt ass natierlech e gudde Chausson aux pommes, awer d'Kompott kënnt och vir zum Beispill an eiser Tartelette feuilletée normande, awer och an enger, mir maachen och eng vegan Täertchen, wou mer Kompott dra maachen an do maache mer uewendriwwer als Kontrast Apricosen, dee mat Teint infuséiert sinn. An dann natierlech fir d' Gallette, wéi fir d'Dräi Kinneksgalette gëtt et och eng Gallette aux Pommes.

Sécher geet den Trend fort vun de risege Portiounen zum klenge Maufel, awer et sollt ee wëssen, datt d'Rad net nei erfonnt gëtt an iwwerall mat Waasser gekacht gëtt. Allerdéngs gëtt et en Ëmdenken beim Verschaffe vun Zocker a Fett beim Dessert.  

D'Theema vu muer ass, eng Gourmandise allegée ze maachen oder raisonnabel ass den Theema. Dat heescht, zum Beispill fréier hat ee vill méi Glaçagen op de Kuchen an d' Taarten. Dat léisst een elo ewech, well e Glaçage ass ëmmer mat vill Zocker dran. Soudass en eigentlech bei allem wat mer iessen och vill Dekorsaachen, vill Schokolastécker, déi drop sinn, dat vermeide mer, dass alles wat een ësst, dat soll och wierklech eppes dozou bäidroen, dass et e Sënn huet am Geschmaach.

Zocker a Fiberen ass e grousse Sujet an der Patisserie. Do gëtt et schonn s en Ëmdenken. Iwwer Fibere muss een nodenken, wann ee sech mat veganer Patisserie wëll befaassen, esou wéi d'Patisserie Oberweis dat och mécht.

Et mécht ëmmer nëmmen nach fënnef bis sechs Prozent vun eise Venten aus. Mee ech fannen den Theema superinteressant, well et muss een och sech mat deene veganen Ingrediente befaassen, well do sinn oft och vill Saachen dran, wéi Palmfett oder wéi Emulgatoren, déi net natierlech sinn. An dat ass à éviter. Och wann een ufänkt mat Soja ze schaffen, muss een oppassen, Soja ass en Allergen.

An nach eng lescht Fro un de Jeff Oberweis: Wat ass säi Liiblingsdessert?
Mäi Favorit ass eigentlech gär eng Vanilleséclair, well dat ass eigentlech d'Basis vun der Pâtisserie, well eng gutt Crème pâtissière maachen, dat ass wierklech, dat kléngt elo einfach esou, mee dat ass net esou ohne. Well et eeben ëm de gudden Equiliber tëscht Fett, Zocker a Vanill an der Onctuositéit geet. Se muss, wéi soll ech soen, se huet och eng bestëmmten Textur, déi sech mer dat virstellen. An dofir fannen ech dat relativ, dat ass wéi eng Vanillsglace eigentlech. Dat ass dat nämmlecht, déi schwéierst Glace ze maachen ass eng Vanillsglace.