
© Patrick Greis
Den Dout, mat deem mir eis déi lescht Deeg jo beschäftegt hunn, ass jo nach ëmmer en Tabu, awer och d'Liewen deemno wéi. Eisen Expert geheit haut d'Fro op, ob Gratis-Contraceptioun eppes bréngt fir d'Zuel vun den Avortementer erofzedrécken. Den Dr Marc Keipes, Direkter am GesondheetsZenter op der Gare huet sech mat enger Etüd déi Finnland gemaach huet.
Déi gemierkt hunn, dass vun den 90er Joren un, d'Zuel vun ongewënschte Schwangerschaften, besonnesch bei jonke Leit immens zougeholl hunn. Do hu si schonn ab 2000, bei eis ass dat eréischt vun 2023 de Fall, 'die Pille danach' fir 15jähreg an driwwer, och souguer ouni Prescriptioun fräigeschalt, a se hunn eng Sexualopklärung an de Schoulen zur Flicht gemaach. D'Ofdreiwungen sinn bei deenen ënner 20jähregen vun 2144 pro Joer op 722 zréckgaange, wat eng däitlech drastescht Reduktioun vun 66% sinn.
An de Wee, dee Finnland op dësem Gebitt ageschloen huet, geet souguer nach méi wäit.
Ab 2010 huet Finnland och eng Gratis-Contraceptioun agefouert, wat och zum Deel déi Reussite erkläert. Also zu Lëtzebuerg gëtt et dat jo dann zanter dem leschte Joer. T'wier natierlech och hei elo intressant d'Evolutioun ze ënnersichen, mee a sou engem klenge Land, mat grousser Variabilitéit vun Zuelen, musse mer sécher nach e puer Joer waarden bis dass den Effekt sech bemierkbar mécht. Hëllef kritt dir beim Hausdokter, beim Gynekolog oder och beim Planning familial. D'Opklärung ass dat wichtegst Element, mir sollten dat net TikTok, Youporn oder änleche Kanäl iwwerloossen.