Déi lescht Deeg gouf sech um Kierfecht vill u Leit erënnert déi eis verlooss hunn. Zanter Januar 2020 gëtt et den RTL-Afterwork an den Dan Spogen a seng Ekipp hu schonn vill Gespréicher gefouert bei deenen si op interessant Perséinlechkeeten gestouss sinn. 6 Stéck vun hinnen si leider net méi do, an u si erënnere mir. De Fausti, Henri Losch, Marcel Schlechter, Frank Feitler, Steve Braun an de Pierre Liébaert.

Den 30ten September 2020 war de Fausti an de 'Café des artistes' komm fir iwwer säin Liewen ze zielen. Genee sou wéi een de Museker kannt huet, huet hien och mat 80 kee Blat vrun de Mond geholl an d'Leit ameséiert. Vun de Baler, der Päischtcroisière, de Kannerfilmer oder "2 Bullen Mokka" ass hien de Leit e Begrëff. Hëllef krut den Dan Spogen vum Mike Fandel, Laurent Gretsch, Patrick Kayser an um Piano dem Erny Delosch.

03-11-2024 RTL-Afterwork (1) Fausti

A knapp 5 Méint méi spéit, samschdes den 20ten Februar 2021 ass d'Legend gestuerwen.

RTL

© Patrick Greis

Den Henri Losch war en Auteur a Regisseur, deen awer och als Acteur zB an 'Déi zwee vum Bierg' oder am 'Superjhemp retörns' e bleiwenden Androck hannerlooss huet. An der Coronazäit war hien an d'RTL City komm fir iwwer sech a seng vill Kapen ze zielen déi de geléierten Schoulmeeschter aus dem Éislek ophat. Op den Zant gefillt krut hien deen Owend vum Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel.

03-11-2024 RTL-Afterwork (2) Henri Losch

Op Stiewesdag 2021 ass den Henri Losch mat 90 Joer gestuerwen.

RTL

© Patrick Greis

De Fotograf 'Steve' Braun, deen fir richteg Etienne Braun heescht. Wéi eng Relatioun huet hien zum Paris Hilton, Patrick Swayze a Gérard Depardieu? Firwat huet en sou dacks d'Schoul gewiesselt a wat rechent hien senger Mamm bis haut héich un? Dat alles waren am November 2020 Froen vum Dan Spogen, Mike Fandel, Patrick Kayser, Laurent Gretsch a Raoul Roos. Um Piano vum Café des Artistes den Erny Delosch.

03-11-2024 RTL-Afterwork (3) Steve Braun

Den 28/09/2023 huet de Steve Braun - deen och jorelaang bei den Déckkäpp derbäi war - mat 68 Joer, huet hien dës Welt verlooss.

RTL

© Patrick Greis

Am Oktober 2021 war de Marcel Schlechter an de 'Bistrot de la Presse' bei de Palais komm. Deemols hat hien schonn 93 Joer a war an de gudden Hänn vum Dan Spogen, Mike Fandel a Shari Schenten. Vum Buschauffer zum Transportminister, iwwer seng Zäit als Boxer, als Minister, am Europaparlament awer och wéi hien mam Boris Jelzin um Tour war gouf hien alles ausgefrot.

03-11-2024 RTL-Afterwork (4) Marcel Schlechter

95 Joer hat de fréieren Transportminister Marcel Schlechter wéi hien den 10ten November 2023 gestuerwen ass.

RTL

© Patrick Greis

E ganz anere Kaliber war de Frank Feitler. De Proff deen een och als Auteur, Regisseur a spéider als Direkter vun den Theateren vun der Stad Lëtzebuerg kannt huet. Säin RTL-Afterwork ass Mëtt Januar 2022 ze héiere gewiescht, wou den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten villes gewuer goufen iwwer Kontakter mat bekannte Leit. Piano: Erny Delosch

03-11-2024 RTL-Afterwork (5) Frank Feitler

73 Joer hat den Frank Feitler wéi hien den 21ten Dezember 2023 gestuerwen ass.

RTL

© Patrick Greis

En Donneschdeg an der vergaangener Woch ass de 'leschte Lakert' gestuerwen. De Pierre Liébaert war 84 Joer ginn. Virun 2 Joer war hien an de 'Café de la presse' komm. Den Auteur vum Buch 'Vum Lompenhandel zum Recycling Center' huet natierlech verzielt wéi dat demols am Pafendall war, oder wéi se op Tournée gaangen sinn an de Leit fir hier al Kleeder a Fatzen, Parzeläinstasen an de Grapp gedréckt hunn. Spéider war hien um Sennengerbierg mat senger Entreprise wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden huet. Deen Owend gouf zwar och jéinesch geschwat mee en hat och e puer flott Anekdoten op der Zong.

03-11-2024 RTL-Afterwork (6) Pierre Liébaert
RTL

An dann ass gëschter nees eng traureg Nouvelle komm, an d'Lëscht vun deenen, déi emol am RTL-Afterwork passéiert sinn, a schonn leider net méi ënner eis sinn, mam Maître Gaston Vogel verlängert ginn. De 'Vullegast', wéi en am Volleksmond genannt gouf, oder de 'Maître Gaston Piep-Lagaffe' wéi de Feierkrop e vernannt hat, huet sech ëmmer séier an den Äifer geriet a Polemik gemaach. Seng Sprooch eng Mëschung aus geschwollene franséische Wieder an deftegen Lëtzebuerger Ausdréck, iwwer déi ee schmunzelen, laachen oder just de Kapp rësele konnt, awer ëmmer pointéiert. Memorabel war d'Gespréich vum Dan Spogen a senge Chroniqueuren den 8ten Juli 2020 am 'Café des artistes'. Hien war schonn schlecht gelaunt dohinner komm, an engem 'état d'esprit moyen', den Auto direkt virun d'Dier geparkt a sou wéi een e kannt huet, huet en och deen Owend ausgedeelt.

03-11-2024 RTL-Afterwork (7) Gaston Vogel

Déi ganz Sendungen fann der am rtlplay

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der RTL-Journalistin Caroline Mart. Bekannt duerch d'Emissioun 'Kloertext', schwätzt d'Caroline iwwer hier Ufankszäit um Radio an bei der Telé. Mir ginn gewuer wéi et deemools war als eenzeg Fra an der Redaktioun, wéi een mat der Popularitéit ëmgeet a wéi et war mat grousse Politiker wéi François Mitterrand, Gerhard Schröder an Jean-Claude Juncker Interviewen ze maachen.