
© pixabay.com
Ëmmer méi Kanner a Jonker brauchen e Brëll well se kuerzsiichteg sinn. Mëttlerweil all Drëtten an et sollen der an Zukunft nach méi gi wéi eng aktuell Etüd weist. Bis 2050 soll d'Zuel vu Kanner a Jonker déi wäit net gutt gesinn, op méi wéi 740 Millioune klammen. Mir wollte wësse firwat dat sou ass an hu bei engem Aendokter hei am Land nogefrot.
Grënn dofir ginn et der méi. Ma een dovunner ass ganz kloer Genetik. Dokter Marc Theischen:
"Wann elo d'Elteren Allenzwee kuerzsiichteg sinn, da kann ee scho bal dovunner ausgoen, dass d'Kanner dat och wäerte ginn. An déi genetesch bedéngte Myopie ass wuel an Asien méi verbreet nach wéi an aneren Deeler vun der Welt. Mee och an aneren Deeler vun der Welt hëlt d'Kuerzsiichtegkeet zou. Do spillen dann awer och nach eng aner Rei Facteuren eng Roll."
Wéi zum Beispill wann ee seng Ae vill benotzt fir no ze kucken, sief et fir vill ze liesen, um Handy, um Tablet oder virum PC. Viraussetzung ass awer, an dat ass wichteg ze betounen, dass ee wéi gesot eng Predispositioun dofir huet.
"Natierlech all Kanner schaffen haut mam Handy, Tablett an alles Méigleches an dovunner ginn awer nëmmen een Deel kuerzsiichteg. Deen Deel hëlt zwar zou vu Generatioun zu Generatioun, mee et ass natierlech trotzdeem nach ëmmer ee gudden Deel déi eben net kuerzsiichteg gi well si déi genetesch Predispositioun net hunn, obwuel si sech genee sou behuelen a genee sou vill am Nooberäich schaffe wéi déi aner."
Well d'Kuerzsiichtegkeet zum gréissten Deel, bis op Ausnamen, an der Kandheet ufänkt, sollt een drop oppassen, dass Kanner genuch dobausse spillen an net nëmmen dobanne bleiwen.
"Et ass duerch Etüde ganz kloer beluecht, dass wann ee méi Zäit dobausse verbréngt als Kand, also méi dobausse spillt, dass dann de Risiko vun der Progressioun vun der Myopie méi kleng ass wéi wann een elo déi ganzen Zäit dobanne verbréngt."
Donieft ass et grad bei predisposéierte Kanner esou, dass wann een déi sougenannte Screen-Time erofsetzt, dat den Aen definitiv ze Gutts kënnt. Dat kann nämlech d'Progressioun vun der Myopie, wéi d'Kuerzsiichtegkeet och genannt gëtt, bremsen.
Gehéiert een elo zu deene Kanner déi eng gewësse Predispositioun hu fir kuerzsiichteg ze ginn, sollt een awer wëssen, dass et mëttlerweil verschidde Moyenen ginn der Myopie entgéint ze wierken:
"Mëttlerweil ginn et och do eng Rei Etüden déi ganz kloer konnten noweisen, dass ee mat Drëpse respektiv mat spezielle Brëlleglieser dat kann e bësse bremsen op mannst. Do ginn Atropin-Drëpse ganz staark verdënnt Owes applizéiert an do konnt kloer nogewise ginn, dass een domadder d'Progressioun vun der Myopie ka stoppen. Ausserdeem ginn et mëttlerweil och nach speziell Brëlleglieser déi och ugepasst gi fir Kanner an der Pubertéit déi eben Tendenz zu Kuerzsiichtegkeet hunn. Dat heescht wann also een d'Tendenz huet fir kuerzsiichteg ze ginn, soll ee mat deenen Drëpse respektiv deene spezielle Brëlleglieser do intervenéieren."
Iwwregens sollen dann och méi Meedercher vun der Kuerzsiichtegkeet betraff si wéi Jongen. Dëst soll de Fuerscher no ënnert anerem dorunner leien, dass Meedercher tendenziell manner Zäit dobausse verbréngen an och dacks méi Zäit mat Aktivitéite verbrénge bei deenen hier Aen no kucken.