Kaum eng Textnoriicht gëtt verschéckt ouni Smiley dran. Eng nei Etüd verréit elo, dass de Choix vun deem Smiley vill iwwert eisen Alter verréit.

08/11/2024 Mat dësen Emojie sidd Dir richteg al

D'Fro war u sech einfach: gutt 2000 Participante goufen an där Etüd gefrot, wéi eng Emojien entretemps als "out" oder "oncool" gëllen. Si sollten déi Smileyen auswielen, déi hirer Meenung no am meeschte vun de méi "räife" Generatioune genotzt ginn. Hei ass d'Resultat:

Den Domm no uewen gëtt am meeschte vun Elteren a Grousseltere benotzt - menge 24% vun de Jonken.

Dat rout Häerz kënnt op Plaz 2 mat 22%.

Eng Ok-Hand an de Kreepche fir ze soen "alles erleedegt" gëllen och als oldschool.

Aner Smileyen déi "out" sinn: de klenge Kackakéipchen, den Af deen sech d'Aen zouhält an d'Hänn déi klatschen.

Ëmmerhin si sech all Generatiounen eens, dass den Doudekapp-Emoji deen onbeléiftsten ass.

De Favorit bei Jonk an Al ass de Smiley deen Tréine laacht - bei 45% vun de Befroten ass dat d'Nummer 1.

Wëllt eng eeler Persoun sech beléift maache bei deene Jonken, da schéckt se z.B. de Feier-Emoji, fir ze soen dass se eppes besonnesch gutt fënnt.

Och am Trend ass d'Aubergine, awer opgepasst, di huet dacks eng sexuell Konnotatioun.

De Smiley mat den Häerzer op den Aen gëtt anscheinend virun allem vu jonke Frae benotzt.

Souvill zur "In/Out" Lëscht vun den Emojis. Donieft ass bei där Etüd och nach erauskomm, dass 78% vun de Befrote scho mol dee falsche Smiley geschéckt hunn, well se seng richteg Bedeitung net kannt hunn. Fir dass Iech dat net passéiere kann, kuckt Iech einfach dëse klenge Video un: