Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Kalifornien.

30/09/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Kalifornien)

KALIFORNIEN
Awunner: 38,9 Milliounen
Haaptstad: Sacramento
Spëtznumm: The Golden State

Kalifornie steet warscheinlech ewéi keen aneren US-Bundesstaat fir eng komplett Reizüberflutung. Et gëtt wierklech alles a vun allem nëmmen dat Bescht. D’Natur reecht vun där onendlech wäiter pazifescher Küst am Westen, iwwert impressionant Bëscher mat de weltwäit gréisste Mammutbeem am Norden, d’Bierger vun der Sierra Nevada am Osten, bis hinn zum Death Valley am Süden, där wäermster Wüüst aus de ganzen USA.

Mat Hollywood huet Kalifornien den Epizentrum vun der US-amerikanescher an internationaler Filmindustrie. Dat selwecht gëllt fir de Silicon Valley am IT- an Hightech-Beräich. Wéinst dem mediterrane Klima zielen d’Wäiner aus dem Napa Valley zu deene beschte vun der Welt. Den Hafe vu Los Angeles ass dee gréissten a wichtegsten am Land. Och Sport gëtt et am Kalifornie mat Ekippen ewéi Los Angeles Lakers, Golden State Warriors, San Francisco 49ers, San Diego Padres oder LA Galaxy am Iwwerfloss.

Dir kennt bestëmmt och nach de Windows-XP-Hannergrond op deem e grénge Bierg, bloen Himmel an e puer Wolleken ze gesi sinn? Dës Foto mam Titel "Bliss" hat den National Geographic-Fotograf Charles O’Rear 1996 genee esou am Kalifornie gemaach. Microsoft huet him 2000 d’Rechter ofkaaft. Fir den Hannergrond gouf d’Foto iwweregens net beaarbecht.

Dr. Dre
Den Dr. Dre ass eng vun de bedeitendste Figuren aus dem amerikaneschen Hiphop. Mat der World Class Wreckin’ Cru, N.W.A a spéider Death Row Records huet hien den G-Funk, de Gangsta-Rap an de Westcoast-Hiphop grouss gemaach. Den Dr. Dre ass als Produzent verantwortlech fir den Duerchbroch vu Snoop Godd, Eminem, 50 Cent, Xzibit oder Kendrick Lamar. Zu senge perséinlechen Hits zielen "No Diggity", "The Next Episode" oder "Still D.R.E.".