Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Minnesota.

08/10/2024 Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten - 1 Land (Minnesota)

MINNESOTA
Awunner: 5,7 Milliounen
Haaptstad: Saint Paul
Spëtznumm: Land of 10.000 Lakes

Minnesota heescht net fir näischt "Land of 10.000 Lakes", et ginn der am Ganzen esoguer 11.842. Besonnesch bekannt ass de Lake Superior. Et ass vun der Fläch hier dee gréisste Séisswaasser-Séi vun der Welt. Op där déifster Plaz geet et 406 Meter erof. Matzen am Lake Superior verleeft d’Grenz tëschent den USA a Kanada. Donieft huet de Bundesstaat iwwer 111.000 Kilometer Flëss a Baachen, dat geet bal duer fir dräi Mol ronderëm den Äquator.

Zu Bloomington am Süd-Oste vum Minnesota steet déi gréisste Shopping Mall aus den USA. Den Akafszenter huet knapps 400.000 Quadratmeter mat iwwer 520 Geschäfter. All Joers kommen 42 Millioune Visiteuren. An der Mëtt vum Komplex ass e ganze Fräizäitpark mat Achter- a Wildwasserbunnen, Aquarium, Kino mat 14 Säll, e Lego Imagination Centre, en Dinosaurier-Musée, Discoen an engem NASCAR-Simulator.

De Gesondheetssystem am Minnesota gehéiert zu deene beschten aus de Vereenegte Staaten. Ronn 91% vun der Bevëlkerung si krankeverséchert, d’Liewenserwaardung ass déi zweethéchst vun all de Bundesstaaten. Virun allem bei der Kanner-Stierflechkeet an der Stierflechkeet virum 75. Liewensjoer huet Minnesota déi national beschte Wäerter. Mat Institutiounen ewéi der Mayo Clinic huet Minnesota deen héchste Verguergungsstandard aus den USA. De University of Minnesota Medical Center ass absolutte Pionéier an der medezinescher Recherche.

Prince
Virun allem an den 80er huet de Prince déi international Musekszeen mat senger stilistescher Villfalt gepräägt. Mat der Single "Purple Rain" aus dem Film mam nämmlechten Numm huet de Museker 1984 den Duerchbroch gepackt. De Prince hat ëmmer eng déif Verbonnenheet mat senger Gebuertsstad Minneapolis a senger spéiderer Heemecht Chanhassen am Minnesota. Nach haut kann een am Bundesstaat dem Museker seng Liblingsplaze besichen, ewéi zum Beispill de First Avenue Nightclub aus dem "Purple Rain"-Film oder de Paisley Park. Säin Haus zu Chanhassen ass haut e Musée.