
© Photo by Robert Conklin on Unsplash
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Bierger aus den USA fir déi 60. Kéier hire President. Bis zum Election Day stelle mir iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker! Haut: Ohio.
OHIO
Awunner: 11,7 Milliounen
Haaptstad: Columbus
Spëtznumm: The Buckeye State
Zu Cleveland am Ohio ass d’Rock and Roll Hall of Fame doheem. Hei ginn déi wichtegst an aflossräichst Museker, Produzenten a Perséinlechkeeten aus dem Ëmfeld vum Rock’n’Roll geéiert. Zanter 1986 gëtt all Joers eng begrenzten Unzuel un neie Memberen opgeholl. Michael Jackson, Fleetwood Mac, Santana oder R.E.M. si just e puer Nimm aus där Lëscht. Nieft Persoune gi vun der Rock and Roll Hall of Fame och Lidder ausgezeechent, déi de Genre gepräägt hunn. The Beatles an The Rolling Stones féieren déi Lëscht mat jeeweils aacht Lidder un. Zanter 1995 gëtt et och e Rock and Roll Hall of Fame-Musée. Hei kann een ënnert anerem en Auto vum Elvis Presley, eng Couch vum Jimi Hendrix oder e Brëll vum John Lennon bewonneren.
Säi Spëtznumm "The Buckeye State" krut Ohio, well d’Ohio-Käscht am Bundesstaat heemesch ass. Well d’Käschten esou ausgesinn ewéi d’A vun engem Réibock, gi se "buck’s eye" genannt.
Am Ohio ass och d’Uebst Pawpaw doheem. Den Numm kënnt vun der Papaya, béid Friichte si sech zimmlech änlech. D’Faarf vun enger Pawpaw kann tëschent wäiss an orange variéieren. D’Fruucht huet eng crèmeg Textur a schmaacht tropesch, bësse wéi eng Mëschung aus Banann, Mango, Ananas a Vanill. D’Pawpaw gëtt net nëmme giess, mee och an der Béier-Produktioun oder fir Medikamenter genotzt. D’Leit aus dem Ohio sinn extrem houfreg op d’Uebst a feieren all Joers den Ohio Pawpaw Festival.
Tracy Chapman
Direkt mam self-titled Debut-Album ass d’Tracy Chapman zu engem weltwäite Star ginn. Déi eelef Folk-Songs goufen duerch en Optrëtt bei der Feier vum Nelson Mandela sengem 70. Gebuertsdag zum Erfolleg. Mat drop war och "Fast Car". De Rolling Stone huet d’Chapman 1988 zur Sängerin vum Joer gekréint. Déi reduzéiert Arrangementer kombinéiert mat sozial-kritteschen Texter hunn der Kënschtlerin véier Grammys, zwee BRIT Awards an als éischt schwaarz Persoun e Country Music Association Award abruecht.