Wien a leschter Zäit an der Géigend vum grousse Spuerkeess Gebai an der Stad ënnerwee war, deem ass vläicht eppes opgefall. Um Trottoir virun deem grousse Gebai mam Tuerm: e Koup schwaarz Bullen.

07/11/2024 Luxembourg Art Week: Konscht an der Stad

D’Kënschtlerin heescht Laura Pasquino a wäert och op der Luxembourg Art Week Mëtt November ausstellen. Vertruede gëtt si vun der Grège Gallery vu Bréissel.
 D’Lisa Bley representéiert d’Gallery vu Bréissel, a beschreift d’Konschtwierk “Temple” (franséisch ausschwätzen!) méi genee.

Lisa Bley: "T'ass am Fong esou wéi e Stapel mat ronne Formen, deen sech an enger chaotescher Form erhiewt. All eenzel Stéck ass handgemaach aus Keramik a ganz virsiichteg placéiert. An dann an engem organeschen Zoufall, deen een och an der Natur erëmfanne kann, openee getässelt."

A wat war der Kënschtlerin hir Iddi hannendrun?

Lisa Bley: "T'ass e bëssen dat Spill tëscht der Uerdnung an der Onuerdnung. Am Fong d'Iddi vu Stabilitéit a Gläichgewiicht komplett a Fro gestallt. Well et huet een d'Gefill et géing zerfalen, an trotzdeem steet relativ monumental do."

D’Grège Gallery ass dann och op der Luxembourg Art Week mat derbäi!

Lisa Bley "T'ass fir d'éischt dass mir zu Lëtzebuerg dann un enger Foire deelhuelen. Do ginn da verschidde Kënschtler ausgestallt, an ënner anerem och d'Laura Pasquino mat méi klenge Skulpturen aus Keramik."

D’Luxembourg Art Week, déi grouss Konscht Foire um Glacis mat 77 Exposanten, ass vum 22.-24. November.

RTL

© Sophie Margue