D'Musekslegend Quincy Jones ass gëschter Owend am Alter vun 91 Joer zu Los Angeles verscheet. Iwwer Joerzéngten huet hie wéi keen aneren d'Musekswelt beaflosst. De Quincy Jones hat zwar kaum eegen Hits, dofir awer bei sëllegen anere grousse Produktioune seng Fangeren entscheedend am Spill. Eng musikalesch Zäitrees.

04/11/2024 De "Q" ass dout

Dem Ray Charles seng éischt Succèsen ginn zum Deel op de Kont vu sengem Schoulkolleg Quincy Jones - deen ongeféier an deem selwechten Zäitraum zu Paräis mat Leit wéi Jacques Brel, Henri Salvador a Charles Aznavour schafft.

Fir e Galaconcert zu Monaco, dee vum Grace Kelly organiséiert gëtt, engagéiert de Frank Sinatra de Quincy Jones. 2 Männer komme beieneen, déi sech verstinn. Vum Sinatra krit en och säi Spëtznumm "Q".
An de 60er Joren ass en fir hien Arrangeur a Bandleader. An den 80er produzéiert den Jones dem Sinatra säi leschte Solo-Album "L.A. is my Lady", a bis zu sengem Dout dréit en e Familjerank, deen de Frankie him vermaacht huet.

Iwwerhaapt sinn d'60er dem "Q" säi Joerzéngt. Hien huet eng grouss Virléift fir südamerikanesch Kultur, a Musek. Bossa Nova zum Beispill.

Den "Who is who" aus der Musekszen wëllt mam Quincy an de Studio goen. Aretha Franklin, Herbie Hancock, Sammy Davis, Ella Fitzgerald, Peggy Lee... an souguer d'Nana Mouskouri.

1979 huet de Michael Jackson keng Hemmungen, lénks a riets Iddien ze klauen. Seet de Q. Hir éischt Zesummenaarbecht, den Album "Off the Wall", verkeeft sech super, ass awer näischt am Verglach zu deem, wat nach komme sollt.

"Thriller" mécht den Jackson kuerz duerno zum ultimative Weltstar - an den Jones zum räiche Mann. Bis haut eng 75 Millioune mol verkaaft. De Meilesteen an deenen zwou Karriären.

Di gréisste Musekstaren di sech 1985 zesummen, fir Geld ze sammele fir Ethiopien. De Quincy suergt dofir, dat se bei "USA for Africa" alleguer matmaachen. Wann hie rifft, gëtt et keng Excuse.
Seng Aarbecht ass och an der Filmwelt ëmmer rëm gefrot - fir de Soundtrack "The Colour Purple" krit den Jones en Oscar.

28x gëtt den Jones mam Grammy ausgezeechent - de Mann dee a jonke Jore fir den Elvis Trompett gespillt huet, ni e Fürerschäin hat, viru 50 Joer bal un engem Gehieraneurysm gestuerwe war, 7 Kanner huet, a just 12x mat eegene Lidder an den Charts war.

Méi e groussen, iwwer Joerzéngten erfollegräiche Museksproduzent, geet een di nächsten 91 Joer wuel net sichen. Hien hëlt vill Geheimnisser mat an d'Graf. Hie sot eng Kéier, hie wéisst wien den John F. Kennedy erschoss huet. A wat elo mam Sinatra sengem Rank geschitt, wësse mir och net.

De Quincy Jones huet awer och zu villem seng Meenung gesot. Remarken, Anekdoten a Erzielungen aus senger laanger Karriär hu mir Iech an dësem "Quincy-Jones-ABC" resuméiert:

04/11/2024 Quincy Jones ABC

Hei gesitt Dir en Interview zum Michael Jackson sengem Doud - den Jones war dee Moment grad hei zu Lëtzebuerg an huet dozou dësen Interview ginn.